arrow_back_ios
Europa Aktuell
100komma7.lu
/ Europa Aktuell
/ Polen: Nei Regierung annoncéiert Ännerunge fir d'Gesetzer iwwer den Avortement
Polen: Nei Regierung annoncéiert Ännerunge fir d'Gesetzer iwwer den Avortement
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
A Polen huet déi nei Regierung domat ugefaangen hir Walverspriechen ëmzesetzen. De Premier Donald Tusk schréckt net virdrun zeréck, dee ganz ëmstriddenen Sujet vun der Ofdreiwung unzegoen. Hie géing geschwënn ee Gesetz proposéieren, dat d'Ofdreiwung nees legal mache soll.
Fir d'éischt gouf elo d'lescht Woch eng Gesetzesännerung ugeholl, déi et méiglech mécht, d'"Pëll duerno" vu 15 Joer un ouni Ordonnance ze kréien.