Europa Aktuell
Polen: Waarden op déi nei Regierung
D'Oppositioun a Polen huet d'Walen de 15. Oktober gewonnen. Vill Leit aus der sougenannter Zivilgesellschaft hunn duerno opgeotemt: Déi, déi sech fir d'Rechter vun LGBTQIA+-Persounen asetzen, oder déi fir de Respekt vum Rechtsstaat kämpfen. An hiren Aen huet sech d'Situatioun ënner der Regierung vun der PIS-Partei, déi zanter 2015 un der Muecht ass, degradéiert. Datt si ofgewielt gouf, mécht villen Hoffnung op Changementer.
Allerdéngs ass elo nach Gedold gefrot, nodeems de President Duda (dee selwer der PIS nosteet), den eigentleche Verléierer vun der Wal, de Matteus Morawiezci, als Premier agesat huet.