Europa Aktuell
Polen organiséiert Krankentransporter aus der Urkain
4 min
Zanter méi wéi zwee Joer ass de russesche Krich an der Ukrain amgaangen. An zanterhier ass Polen eng vun den Dieren an d'Ukrain esou wuel fir Waffeliwwerunge wéi och fir déi vun humanitären Hëllefsgidder. Déi international Flich vun der Ukrain aus goufen annuléiert - dowéinst ginn elo vill Kranker a Krichsblesséiert vu Polen aus a Spideeler an Europa transferéiert, fir datt si do kënne soignéiert ginn.
Eise Korrespondent Adrien Sarlat hëlt eis mat an de Medevak Zentrum, wou déi Blesséiert op der ukrainescher Grenz ukommen - éier si dann uechter Europa verdeelt ginn.