Déi Europäesch Kommissioun proposéiert, der Ukrain Profitter aus konfiszéiertem russesche Verméigen zur Verfügung ze stellen. An zwar sollt där Propos no dee gréissten Deel dovun an dat ukrainescht Militär gestach ginn.
Dee Virschlag gouf gëschter (20.3.) op den Dësch geluecht, an en ass net onëmstridden ënner de Memberlänner - Lëtzebuerg gehéiert zu deenen, déi net direkt jo gesot hunn.