Europa Aktuell
Ungarn iwwerhëlt mat Trump-Slogan d'EU-Présidence
4 min
Déi aktuell Cheffin vun der Europäescher Kommissioun, d’Ursula von der Leyen, strieft en zweet Mandat un - an huet och dofir nach ëmmer gutt Chancen. Bis elo huet just ee Land ëffentlech annoncéiert, net fir si ze stëmmen - dat ass Ungarn. Ausgerechent dat Land also, dat vum 1. Juli un d’Presidence vun der Europäescher Unioun iwwerhëlt mam Motto: “Make Europe great again”. Gëschter goufen d’Prioritéiten dofir presentéiert - an do kéint et duerchaus zu Reiwereien tëschent den EU-Institutioune kommen.
Presentéiert vum
- Daniele Weber