Europa Aktuell
Verbrennt d'EVP hir Spëtzekandidatin?
4 min
Wäert et an Zukunft an der EU eng pro-europäesch Plattform am Europaparlament ginn - a wa jo wéi eng Partei kënnen dozou gezielt ginn?
Déi Fro steet ganz uewen no den Europawalen - aus deenen déi riets a rietsextreem Parteie gestäerkt ervirgaange sinn. Aktuell gëtt iwwer d’Verdeele vun de sougenannten Top Jobs diskutéiert - an do géifen déi Parteien elo gären ee Wuert matschwätzen. Bis elo hu sech d’Europäesch Vollekspartei, d’Sozialisten an déi Liberal déi Posten ënnereneen opgedeelt. Ob et dobäi bleift, ass nach net sécher. D’Danièle Weber mat Detailer iwwer déi neisten Entwécklungen an deem Beräich.
Presentéiert vum
- Daniele Weber