arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 29 Leit sinn zejoert bei Verkéiersaccidenter ëm d'Liewe komm, dorënner 8 Foussgänger

Bilan

|
reading time

1 min

29 Leit sinn zejoert bei Verkéiersaccidenter ëm d'Liewe komm, dorënner 8 Foussgänger

Mat 29 Doudesaffer am Verkéier sinn zejoert 11 Mënsche méi ëm d'Liewe komm, wéi 2024. Ënner de Verkéiersdoudegen d'lescht Joer waren néng Motocyclisten an aacht Foussgänger, esou d'Zuele vum Mobilitéitsministère.

reading time

1 min

© picture alliance / dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

D’Situatioun misst verbessert ginn, betount d'DP-Mobilitéitsministesch. Nach ëmmer stéingen ze vill Accidenter a Relatioun mat vermeidbare Situatiounen, wéi Onopmierksamkeet, Mëssuechtung vun de Verkéiersreegelen an natierlech ze héijer Vitesse, esou d’Yuriko Backes an hirer schrëftlecher Reaktioun.

Ministère appelléiert, nach méi virsiichteg ze sinn a sech responsabel ze verhalen

D’Vitess war bei 24 Prozent vun den Accidenter d’lescht Joer eng Ursaach, Alkohol bei 19 Prozent, an aner Droge bei véier Prozent vun den Accidenter. 

Bei de Verkéiersaccidenter nuets, tëschent Mëtternuecht an eng Auer, huet Alkohol bei zwee vun dräi Accidenter eng Roll gespillt. Trotz méi Trafic ass den Total vun Accidenter zënter véier Joer relativ stabil: d’Zuel louch d’lescht Joer bei 1.126. Dat waren an der Moyenne ronn dräi Accidenter pro Dag.

D’Zuel vun den Affer vu Verkéiersaccidenter louch am Joer 2025 bei bal 1.500: dorënner déi 29 Verkéiersdoudeger, 335 Schwéierblesséierter an iwwer 1.100 Liichtblesséierter.

Et fält op, datt d’Zuel vun Accidenter mat Motoen, Vëloen a Scootere bannent fënnef Joer ëm 50 Prozent geklommen ass. Dem Statec no louch d’Zuel vun Accidenter d’lescht Joer an de Méint Abrëll bis Juli all Kéier méi héich wéi an de Wanterméint.