arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rekordjoe bei der CFL: Netto Resultat vun iwwer 35 Milliounen Euro am Joer 2025

National

|
reading time

2 min

Rekordjoe bei der CFL: Netto Resultat vun iwwer 35 Milliounen Euro am Joer 2025

D‘Eisebunnsgesellschaft huet d‘lescht Joer mat engem Netto Resultat vun iwwer 35 Milliounen Euro ofgeschloss, bal 10 Milliounen Euro méi, wéi dat Joer virdrun. Dat geet aus dem Joresrapport vun der CFL ervir. Grond dofir wier ënnert anerem eng Serie u Waggonen, déi d’CFL verkaf huet.

reading time

2 min

CFL | © picture alliance / Hauke-Christian Dittrich
CFL (Foto: picture alliance / Hauke-Christian Dittrich)

CFL hat am Joer 2025 e Rekord-Netto-Resultat vu 35,3 Milliounen Euro. Am Joer 2024 waren et 25,6 Milliounen Euro.

Bei der Virstellung vum Joresrapport gouf iwwerdeems en neie President vum Verwaltungsrot annoncéiert. De Jean-Paul Lickes gëtt deemno de neie President vum Verwaltungsrot. 

Nei Spëtzt vum Verwaltungsrot

De Jean-Paul Lickes léist un der Spëtzt vum Verwaltungsrot de Jeannot Waringo of, den no 41 Joer am Conseil d’administration ophält.

De Rekord beim Netto Resultat vu 35,3 Millioune koum der CFL no zustane, well ënnert anerem eng Serie u Waggone  verkaf goufen.

Doriwwer eraus ass 2025 ee wichtege Chantiere fäerdeg ginn, esou de Marc Wengler, Direkter vun der CFL. 

“Den Arrêt Houwald, ass eng ganz wichteg Etapp do realiséiert ginn, en zweete Quai, dee gebaut ginn ass, an d'lescht Joer fäerdeg gestallt ginn ass, deen zweete Quai ass extreem wichteg haaptsächlech an der Realisatioun vun eisem Konzept fir déi zwou Linnen, déi eng déi Richtung Esch geet an déi aner déi Richtung Thionville geet fir déi aner déi Richtung Thionville geet, fir déi kënne separat ze bedéngen, an dat aus Frankräich bis an d'Gare Lëtzebuerg herno eran, ouni dass en nach kräize muss mat Sich, déi vun Esch komme bis an d'Gare Lëtzebuerg.”

Bei der Pénktlechkeet war genee dëse Chantier ee vun de Grënn vir méi Verspéidungen am Zuchverkéier. 2025 waren 89,6 % vun den Zich pénktlech, 2024 waren et 90,8%. Dat heescht d'Zich ware manner pénktlech, dëst kéint awer och nach u méi Streiken an de Nopeschlänner léien.

Carsharing Flex

Och bei dem CFL Carsharing Service “Flex” zéien si e positive Bilan, esou den Direkter Marc Wengler.

“Mir sinn dee gréissten Ubidder vu Carsharing zu Lëtzebuerg, et ass landeswäit mëttlerweil 200 Autoen, déi do disponibel sinn. An och do den Erfolleg geet wierklech weider. Dat sollt e Komplément sinn. Et ass e Komplément zu der Schinn, zu de Bussen. A mir hunn do d'lescht Joer eng Augmentatioun vu 25 Prozent. Mir hu mëttlerweil iwwer 25.000 Clienten, déi op dee Service zréckgräifen.”

 D’Zuel vun de Passagéier loung zejoert bei 31,4 Millioune wat eng liicht  Hausse vun 0,6 Prozent am Verglach zu 2024 ass. D’Eisebunnsgesellschaft huet d’lescht Joer 466 nei Leit recrutéiert, soumat schaffen elo eng 5300 Leit bei der CFL.