arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 73.000 Euro verschwonnen: Ofwaassersyndikat SIDEN mellt Verdacht op Verontreiung

Gemengen

|
headphones

1 min

73.000 Euro verschwonnen: Ofwaassersyndikat SIDEN mellt Verdacht op Verontreiung

De Buergermeeschter vu Feelen, de Fernand Mergen, huet op Nofro hi bestätegt, datt ee Mataarbechter vum Ofwaassersyndikat SIDEN am Verdacht steet, 73.000 Euro verontreit ze hunn.

headphones

1 min

Waasserkrunn | © Luis Tosta
Waasserkrunn (Foto: Luis Tosta)

De Fall wier um Dënschdeg de Moien opgefall. De SIDEN hätt de Fall beim Parquet gemellt, de Mataarbechter wier suspendéiert a fir de Rescht géif eng méi detailléiert Analys lafen. 

Et géif am Moment awer net duerno ausgesinn, wéi wa weider Sue verschwonne wieren. Ob d'Sue kënne recuperéiert ginn, wier nach net gewosst, esou de Fernand Mergen. 

An engem interne Communiqué un déi 34 Membergemengen aus dem Norde vum Land heescht et, d'Irregularitéite wieren an de Comtë vun de Méint Februar a Mäerz 2026 opgefall. Et géif kuerzfristeg e Comité aberuff gi wa weider Elementer bekannt wieren.