Zënter annerhallwer Woch ass den Thorsten Frei Fraktiounschef vun der Unioun am Bundestag.
An senger Funktioun huet hien elo e Muechtwuert geschwat. Eng méiglech Koalitioun mat der rietsextremer AfD kéim net a Fro - och net op Landesebene.
Kooperatiounsverbuet mat der AfD wier e Grondsaz
Normalerweis hält sech d’Bundespartei aus der Regierungsbildung an engem Bundesland eraus. Bei der Fro, ob d’CDU mat der rietsextremer AfD sollt koaléieren oder net, wier awer déi ganz Partei betraff, dat sot de neien Uniounsfraktiounschef Thorsten Frei den Zeitunge vum Funke-Mediegrupp.
D’Kooperatiounsverbuet mat der AfD wier eben e Grondsaz vu senger Partei. An dat géif och net gebrach ginn, just well een da kéint matregéieren.
Landtagswal a Sachsen-Anhalt
Datt den Thorsten Frei knapps ee Mount virun der Landtagswal a Sachsen-Anhalt esou däitlech gëtt, läit och dorun, datt sech nom 6. September am Parlament vu Magdeburg eng ganz schéi komplizéiert Situatioun kléint opdoen.
Den aktuelle Sondage no kéint déi rietsextrem AfD nämlech knapps iwwer 40 Prozent vun de Wielerstëmme kréien, dohannert steet d’CDU mat 24 Prozent. D’Lénkspartei kënnt den Ëmfroen no op 13 Prozent. Fir d'SPD a d'B90/Die Grünen gëtt et knapp. Hei stellt sech d'Fro ob si et iwwerhaapt iwwer déi Fënnef-Prozent-Hürd, an domat an d’Parlament, packen.
Riskéiere Parteikolleege schwaach ze ginn?
Méiglecherweis geet déi Ausgangslag awer och fir eng absolutt AfD-Majoritéit duer. Dëst wier eng historesch Situatioun. Zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich war keng rietsextrem Partei méi, an engem däitsche Bundesland, eleng un der Muecht.
Méiglecherweis ass d’AfD awer op Hëllef ugewisen, fir eng Majoritéit ze kréien. Hëllef, déi bis elo awer keng aner Partei wëlles ass ze ginn. Déi däitlech Wierder vum Thorsten Frei weisen, datt d’CDU duerchaus Suergen huet, datt a Sachsen-Anhalt kéinte Parteikolleegen a Richtung AfD ëmkippen.