Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Joesef, Loyle Carner - I Wonder Why

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Presserot: Sech weider fir Meenungs- a Pressefräiheet asetzen

10 Joer nom Attentat op Charly Hebdo

Lëtzebuerger Presserot: Sech weider fir Meenungs- a Pressefräiheet asetzen

A Frankräich gëtt haut um Dënschdeg den Affer vum Attentat op Charlie Hebdo geduecht. 10 Joer ass et hir, datt Attentäter ënnert anerem d’Redaktioun vun der satirescher Zäitschrëft gestiermt a 12 Mënschen ëmbruecht hunn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / dpa | Fredrik Von Erichsen

Wäit iwwer d’Grenze vu Frankräich eraus war et een immense Schock, datt d’Meenungs- a Pressefräiheet esou ugegraff gouf. Och haut, 10 Joer dono, misst ee sech weiderhin dofir asetzen, datt déi Wäerter déi een an der Press vertrëtt, respektéiert ginn, mengt de Lëtzebuerger Presserot.

D’Attentat op Charlie Hebdo wier ee ganz grousse Schock gewiescht, sou de Misch Pautsch, Vizepresident vum Presserot a President vun der ALJP. Och wann hie selwer zu deem Moment nach net an der Press aktiv war - erënnert hie sech drun, datt et een aschneidende Moment an d’Pressefräiheet war. Et misst ee sech weider fir Meenungsfräiheet a Pressefräiheet asetzen.

Zënter et d’Press gëtt, géif se an der Kritik stoen, an dat wier gutt esou, seet de Misch Pautsch. Onofhängegem Journalismus misst unecken.

"Zensur"-Absicht a Kontrakter mat HUT

Et géif awer eng Tendenz vu Mënsche ginn, déi menge si kéinte matbestëmme wat an der Press publizéiert gëtt. Natierlech wier d’Attentat vum 7. Januar op d’Charlie-Hebdo-Redaktioun déi schlëmmste Form vun Zensur, de Misch Pautsch nennt awer weider Beispiller, ënnert anerem den Jeff Bezos, deen der Washinton Post, déi him zum gréissten Deel gehéiert, verbueden hat, eng Karikatur iwwert hien ze verëffentlechen. Och zu Lëtzebuerg wier ee vun esou Tendenze leider net verschount.

"Ech wëll ëm Gotteswëlle keng Parallellen dozou zéien, tëschent deem, wat ech elo ziele wäert an Charlie Hebdo, mee do denken ech zum Beispill un de Fall vun der HUT, wou sech elo an de Kontrakt vun der HUT erageschlach huet, datt d'Leit net mat der Press dierfe schwätzen. Dat ass a mengen Aen och e Fall vun Zensur, e Fall vun Aschneiden a Pressefräiheeten an d'Aschneide vu Meenungsfräiheet vun de Mataarbechterinnen a Mataarbechter, deen natierlech däitlech manner ausgepräägt ass, mee deen awer och e Beispill vu Reduktioun vu Pressefräiheet ass."

D’Journalisten a Journalistinne misste weiderhi Courage beweisen, an dat schreiwen, wat si fir richteg halen, sou de Misch Pautsch, fir dem Zil vun den Attentäter entgéint ze wierken, nämlech datt d’Angscht bei de Journalisten esou grouss gëtt, datt se sech net u verschidde Sujete run trauen, sou nach de Misch Pautsch, am Zweiwel sollte Journaliste sech mat hiren Aarbechtskolleegen austauschen.

Lauschterenplay_arrow