Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Róisín Murphy, DJ Koze - The Universe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aschätzung vun éisträichescher Journalistin: FPÖ-ÖVP-Koalitioun déi lescht Méiglechkeet

Regierungsbildung an Éisträich

Aschätzung vun éisträichescher Journalistin: FPÖ-ÖVP-Koalitioun déi lescht Méiglechkeet

Um Dënschdegmëtteg wëll sech de Chef vun der rietser FPÖ an Éisträich, Herbert Kickl, fir d’éischte Kéier zu senge Pläng äusseren. Dat nodeems hie Méindeg den Optrag zur Regierungsbildung kritt huet. Eng Theemelëscht fir d’Koalitiounsverhandlunge mat der konservativer ÖVP soll hie schonn erstallt hunn.

auto_stories

2 min

headphones

8 min

Herbert Kickl | © picture alliance / dts-Agentur | - play_arrow
Foto: picture alliance / dts-Agentur | -

Um 15 Auer wëll den Herbert Kickl virun d’Press trieden. Op senger Lëscht: eng méi restriktiv Asylpolitik a Schrëtt géint Sproochreegelungen. „Nein zu Zensur, Woke- und Genderdiktaten“, heescht et an dem Dokument.

D’Katja Arthofer, Journalistin beim ORF hält déi Méiglechkeet, datt den Herbert Kickl eng Koalitioun zwëschen FPÖ an ÖVP bilde kann, fir ganz warscheinlech, wéi si am 100,7-Interview seet.

All aner Koalitiounsgespréicher ware gescheitert

Am September hat déi EU-skeptesch a Russlandfrëndlech FPÖ fir d'éischte Kéier eng Parlamentswal an Éisträich gewonnen. Lo huet se dann och fir d’éischte Kéier de Regierungsoptrag kritt a kéint d‘Kanzleramt iwwerhuelen. 

Dat nodeems Koalitiounsgespréicher tëschent der konservativer ÖVP, der sozialdemokratescher SPÖ an der neoliberaler NEOS zu kengem Accord gefouert hunn. Och Gespréicher ouni d’NEOS hunn tëschent der ÖVP an der SPÖ net zu engem Erfolleg gefouert.

"Es ist ja der erste Versuch der ersten Dreierkoalition in Österreich gescheitert, der Versuch aus Konservativen, Sozialdemokraten und Liberalen eine Regierung zu bilden, und dann auch der zweite Versuch, nurmehr zwischen den Konservativen und den Sozialdemokraten."

Der Aschätzung vun der ORF Journalistin no ass dem grénge Bundespresident Alexander van der Bellen elo guer keng aner Méiglechkeet méi bliwwen, wéi dem Chef vun de Fräiheetlechen Herbert Kickl d’Verantwortung ze ginn.

FPÖ-ÖVP-Koalitioun net ouni Rumouers

D'ÖVP hat ënnert dem Karl Nehammer kloer Nee zu enger Koalitioun mat enger FPÖ ënnert dem Herbert Kickl gesot. De Kanzler Nehammer wëll e Freiden demissionéieren. Wéi kann een dat Ëmdenke vun der konservativer Partei awer erklären, Katja Arthofer?

"Man kann sie damit erklären, dass nie die gesamte konservative Volkspartei gegen die FPÖ, auch unter Herbert Kickl war. Es gibt da viele Zusammenarbeiten in den österreichischen Bundesländern. Nur ein Teil der Volkspartei, nämlich der um den bisherigen Kanzler Karl Nehammer. Sein weiteres politisches Überleben war daran geknüpft, eben zu sagen, nicht mit der Kickl-FPÖ."

Ganz ouni Rumouers wäert awer och eng FPÖ-ÖVP-Koalitioun net zustane kommen. Den aktuellen Ausseminister Alexander Schallenberg, sot beispillsweis schonn, datt hie kee Member vun enger Regierung mat der FPÖ wéilt sinn.

Den Interview mat der Katja Althofer

Lauschterenplay_arrow