arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Maxime Miltgen an de Georges Engel wäerten d'LSAP an déi nächst Wale féieren

National

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

D'Maxime Miltgen an de Georges Engel wäerten d'LSAP an déi nächst Wale féieren

Déi nei Co-Presidentin an deen neie Co-President goufe beim Nationalkongress zu Hollerech als Nofollger vun der Francine Closener an dem Dan Biancalana gewielt. Parallel huet d’LSAP sechen neie Grondsazprogramm ginn.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© Diane Lecorsais
(Foto: Diane Lecorsais)

De Message zu Hollerech war ganz kloer: De Walkampf fir 2028 fänkt elo un.

Mam "Zukunftskompass" zeréck an d'Majoritéit

Mir si gutt opgestallt, mir si prett, mir hunn eng Visioun, huet et geheescht. D’Partei hätt an deene leschte véier Joer ronn 1000 nei Memberen derbäi gewonnen. Dobäi kënnt den neie Grondsazprogramm, e 14 Säite laangt Dokument, dat der Partei als “Zukunftskompass” dénge soll. Fir et mat de Wieder vun der Fraktiounspresidentin Taina Bofferding ze zitéieren: Vive d’LSAP a Vive zeréck an d’Majoritéit. Well dat wier batter noutwenneg.

Mat Kritik un der aktueller Regierungspolitik hunn d’Sozialiste wéi erwaart net gespuert. Dëst zum Beispill mam Georges Engel sengem Verweis op déi schwiereg Relatioune mat de Sozialpartner. 

"Dës Regierung huet et fäerdeg bruecht, a knapps zwee Joer bal mat der ganzer Gesellschaft Sträit ze kréien. Kuckt Iech dat un, de Sozialdialog sollt zerstéiert ginn."

D’Regierung hätt d’Gewerkschaften an d’Knéien zwénge wëllen, mee d’LSAP, d’Oppositioun an d’Gewerkschaften hätte sech gewiert, esou de Georges Engel.

"Haut si se méi staark wéi soss. D’Gewerkschafte sinn an enger Eenheetsfront vereenegt, Dausende Leit waren op der Strooss, dat hate mer hei am Lëtzebuerger Land scho Joerzéngten net méi." 

Regierung ze vill mat sech selwer beschäftegt

Weider Sujeten, déi beim Nationalkongress vun de Sozialisten dominéiert hunn, ware sozial Ongerechtegkeeten, d’Aarmut a virun allem d’Logementsproblematik. Wann ee sozial Gerechtegkeet wierklech géif eescht mengen, misst een awer och de Courage hunn, Privileegien a Fro ze stellen, esou d’Maxime Miltgen. 

"Zum Beispill de Privileeg vun deenen, déi nëmmen un hirem Kapital verdéngen, a mol net méi brauche schaffen ze goen an dofir och bal keng Steiere bezuelen. Oder dee vun de groussen Ierfschaften, déi Ongläichheete vu Generatioun zu Generatioun weiderginn. Well Aarmut verierft sech op di selwecht Manéier wéi de Räichtum." 

Déi aktuell Regierung wier dacks méi mat sech selwer beschäftegt, wéi mat de Suergen a Problemer vun de Leit, dat war dann och de Fazit vun der Francine Closener an dem Dan Biancalana, déi d’Partei an deene leschte véier Joer presidéiert hunn. Et wier eng Politik fir déi Leit, déi souwisou scho vill hätten, eng Politik ouni Empathie, ouni Matgefill, déi éischter nom Motto “Business first” géif fueren.

Standing Ovations fir Closener a Biancalana

Suerge géif ee sech awer och iwwert déi jonk Generatioun maachen – mat enger héijer Jugendaarbechtslosegkeet, gewalttätegen Tëschefäll an de Schoulen, wat sech zu engem risege Problem géif entwéckelen, an enger héijer Unzuel u Jugendleche mat psychosomatesche Problemer. Et wier elo der Partei hir Roll, deene Jonken Halt an Zouversiicht ze ginn.

Mat Standing Ovations goufen d’Francine Closener an den Dan Biancalana aus hiren Ämter entlooss. Elo iwwerhuelen déi 32 Joer al Maxime Miltgen an de 57 Joer ale Georges Engel d’Relève fir d’Partei op d’Walen 2028 virzebereeden.

Si allebéid goufen zu Hollerech mat grousser Majoritéit gewielt – d’Maxime Miltgen mat 78,48 Prozent vun de Stëmmen an de Georges Engel mat 90,4 Prozent.

play_arrow Lauschteren