arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationalkongress vun déi gréng: Logement zentrale Problem an der Aarmutsbekämpfung

Parteien

|
headphones

2 min

Nationalkongress vun déi gréng: Logement zentrale Problem an der Aarmutsbekämpfung

Kritik gouf et um Nationalkongress vun déi gréng iwwert d’Regierungsaarbecht. Um nationale Plang fuerderen déi gréng eng konsequent sozial Politik, mat virun Allem grouss Efforte fir de bezuelbare Wunnraum. Och d‘Aussepolitik vun der Regierung gouf a Fro gestallt.

headphones

2 min

Natierlech wier et ganz erfreelech datt een dat sou hikritt hätt, fir d’Evakuatioun vun de Bierger:innen esou séier kënnen ze organiséieren, huet et um Kongress vun déi gréng geheescht. Allerdéngs kéint een d’Aussepolitik net op just de Krisemanagement limitéieren, d’Parteipresidentin Stéphanie Empain.

Courage hunn, fir Kritik ze formuléieren

Aussepolitik, géif an hiren Aen heeschen datt een och de Courage hätt, fir Kritik ze formuléieren. Et géif net duergoen sech op e Message vu Solidaritéit ze limitéieren. D’Stèphanie Empain vermësst bei der Regierung d'Condamnéiere vum Lasstrëppele vun engem Krich wärend de lafende Verhandlungen, déi anscheinend an eng richteg Richtung gelaf wieren.

D’Regierung hätt och missten op d'Anhale vun den internationale Reegelen insistéieren, esou d’Stéphanie Empain.

Et feelt un Investitiounen an ëffentleche Wunnraum

A punkto national Politik gouf et vun der Deputéiert Sam Tanson Kritik, wéinst de Probleemer um Wunnengsmaart an dem Manktem u bezuelbarem Wunnraum. De Logement wier den zentrale Problem an der Aarmutsbekämpfung.

déi gréng fuerderen do ee Loyersdeckel. Investisseure misste kloer gesot kréien, datt hire Rendement Grenzen huet.

Weider Usätz ginn et fir déi gréng bei der Grondsteier, an Taxen op net benotzte Bauterrainen an eidele Gebaier.

Wichteg wier et, massiv an den ëffentleche Wunnraum ze investéieren. Dat géif an der Regierungspolitik feelen. Och d’Gemenge missten an deem Beräich mat maachen.

Gerecht Besteierung am Plaz vu Steierkaddoen

Kritik gouf et weider bei der Finanzpolitik vun der CSV-DP Regierung. Et wier net un der Zäit fir Steierkaddoen, et bräicht ee Gelder fir wesentlech Investitiounen ze maachen. D’Besteierung misst méi gerecht gestallt ginn, esou d’Sam Tanson. Et wier net normal datt d’Leit op hirem Salaire méi staark besteiert ginn, ewéi d’Investisseuren déi vun hirem Kapital liewen.

Een anere Punkt bleift an den Ae vun déi gréng, eng Strategie fir de Klimawandel, déi méi wäit geet ewéi nëmme Photovoltaik oder Wandenergie.
An der Energietransitioun misst een nei Weeër goen, an och d’Handwierk ënnerstëtzen.

162 Member op der Plaz

Weider Kritik gouf et wéinst der sozialer Situatioun hei am Land. D’Bierger misste kënne vun hirem Akommes liewen am Plaz datt si misste Sozialleeschtunge kréien. Dohier fuerderen déi gréng eng Erhéijung vum Mindestloun a vun der Grondrent. 

Um Kongress vun déi gréng zu Dikrech an der aler Seeërei waren 162 Membere present. Um Programm stoung eng Statutenännerung, grad ewéi d’Verlängerung vun de Mandater vun de Parteigremie bis Mäerz d’nächst Joer.