D’Buergermeeschtesch huet ënnerstrach, datt ee schon zënter zwee Joer intensiv un deem Konzept géif schaffen, an datt et sech dobäi net em eng kuerzfristeg Mesure géif handelen, mee em e Kaderprogramm fir déi nächst 5 bis 10 Joer.
E laangfristege Projet
Konkret ëmfaasst d’Begréngungskonzept e ganze Koup un Etuden, Kaarten a Pakten, dorënner e Staarkreen-Konzept, eng Hëtztinsel-Analys an e Gréngflächekataster, wéi de Pierre Schmitt, Délégué à l’Environnement bei der Stad erkläert huet.
Et wier deemno als éischt mol eng Zort Inventar opgestallt a gekuckt ginn, wou ee steet. Dës Erkenntnisser géifen dann an en Aktiounsplang afléissen. Dobäi goufe 37 besonnesch relevant Sitten an der Stad identifizéiert an eng Partie Projet-Pharë festgeluecht, déi ee prioritär wéilt an Ugrëff huelen.
Kritik vun déi gréng
Den Usaz vum Plang wier begréissenswäert, ma de grousse Worf wier et awer net. Mat dëse Wieder huet d’Oppositiounspartei déi gréng op d’Begréngungskonzept vun der Stad Lëtzebuerg reagéiert.
D’Konzept wier eng direkt Konsequenz vun der Schäfferotserklärung vun 2023, déi jo d’Zil hätt, d’Stad esou schéin a liewenswäert wéi nëmme méiglech ze halen, esou d’Buergermeeschtesch.
"Déi 37 do dat sinn nach net fäerdeg Projeten. Dat sinn Iddien, nodeems déi verschidden Analysen zesummegeluecht ginn, wou wunnen déi meeschte Leit, well ech mengen et geet jo hei virun allem drëm de Leit hir Liewensqualitéit wou et méiglech ass ze verbesseren, an dofir sinn eeben och déi Plazen do gesicht, wou déi meescht Leit wunnen an dat sinn eeben eis grouss Wunnquartieren."
Als eng Aart “Kick off” fir d’Ëmsetzung vum Begréngungskonzeot soll den ëffentleche Raum elo am Summer op 4 Plaze valoriséiert ginn.
Dat op der Place de France zu Belair/Märel, op der Place Léon XIII zu Bouneweg, op der Place Roedgen zu Zéisseng a bei der Cité jardiniaire um Cents nei valoriséiert ginn – dëst an enger éischter Phas awer just temporär.