arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De chineeseschen Online-Kleeder-Shop Shein geet un d‘Bourse

International

|
reading time

1 min

De chineeseschen Online-Kleeder-Shop Shein geet un d‘Bourse

Shein wëll 280 Millioune Parten zu jeeweils 48 Euro op de Marché bréngen. Vum éischte September un soll den Ultra-Fast-Fashion Konzerner op der Bourse zu Hongkong cotéiert ginn. De Grupp deen 2012 zu Singapur gerënnt gouf, wëll mat dem Kapital weider international wuessen.

reading time

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Shein gëllt als sou geglannten Ultra-Fast-Fashion Konzern, dee virop Kleeder zu extrem bëlleg Präisser ubitt. Zejoert war den chineeseschen Online-Shop an d'Kritik geroden, well Sexpoppe mat pädokriminellem Charakter, online verkaaft gi waren. 

Physesche Buttek zu Paräis gouf ni opgemaach 

Dës Nouvelle koum kuerz ier d'Mark hiren éischte physesche Buttek zu Paräis opmaache wollt. La Société des grands magasins (SGM), zu deenen och BHV Marais a Galeries Lafayette gehéiert, huet am Juni dëst Joer de Partenariat mat Shein gekënnegt. Dat schreif déi franséisch Zeitung Le Monde. Et wier eng erreur stratégique gewiescht, esou d'Begrënnung. 

Nieft dem Shoppingzenter BHV Marais zu Paräis, hätt Shein säi Gezei och a siwe Galeries Lafayette-Butteker uechter Frankräich verkafe sollen.