arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ déi gréng: CSV-DP-Finanzpolitik wier eng "riskant permanent Wett op d'Zukunft"

Finanzen

|
headphones

1 min

déi gréng: CSV-DP-Finanzpolitik wier eng "riskant permanent Wett op d'Zukunft"

D’Finanzpolitik vun der CSV-DP-Regierung wier eng "riskant stänneg Wett op d’Zukunft". Déi Kritik huet d’Oppositiounspartei déi gréng op enger Pressekonferenz geüübt.

headphones

1 min

Joëlle Welfring, Sam Tanson, François Benoy  | © Jo Welfringer
Joëlle Welfring, Sam Tanson, François Benoy (Foto: Jo Welfringer)

Et wier e Risiko fir d’Staatsfinanzen, wann déi aktuell Regierung einfach stänneg Steiererliichterunge géif verspriechen, an op eng besser Zukunft hoffen, seet déi gréng Deputéiert Sam Tanson.

"Dat ass schonn an normalen Zäite vläicht e bëssen naiv oder optimistesch, jee nodeem wéi ee kuckt, mee an deenen Zäiten, wou mir elo haut sinn, ass et an eisen Aen definitiv riskant." 

Et géifen och permanent nei Depense bäikommen, esou d'Sam Tanson. 

"Déi méi oder wéineger previsibel oder noutwenneg sinn: D'Steierreform, zousätzlech Militärdepensen, an dat hëlt natierlech Spillraum ewech." 

Dat géif dann nees um sozialen Niveau feelen.

Preparatioun an net just Reaktioun

Fir déi gréng wier et kloer, datt Energie- an d’Finanzpolitik géifen Hand an Hand goen.

Energiepräiskrisen wieren nämlech net nëmmen e Problem fir d’Stéit an d’Entreprisen, mee och fir d’Staatsfinanzen, esou nach d’Sam Tanson. Dofir misst ee sech och laangfristeg op méiglech Energiekrise preparéieren, an net just reagéieren, wa se do wieren, esou déi gréng Deputéiert.