Radioen

On air

Al Schanken  |  David Crosby - Till It Shines On You (Live)

play_arrow Live
search

/ Besseren Iwwerbléck fir Locatairen: Compteure ginn an all Wunneng obligatoresch

Heizen an Elektresch

Besseren Iwwerbléck fir Locatairen: Compteure ginn an all Wunneng obligatoresch

An Zukunft muss an all Wunneng ee Compteur fir Elektresch an Heizen installéiert ginn. Een entspriechend Gesetz gouf um Donneschdeg an der Chamber ugeholl. Domat gëtt eng EU-Direktiv ëmgesat. Proprietäre gi verflicht, all Mount een detailléierte Rapport iwwer de Verbrauch a Käschten un d‘Locataire weiderzeginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Gasheizung | © Alex Raths / Bigstock play_arrow

Deemno ass den Hannergrond vun dëser Mesure, de Locatairen d’Méiglechkeet ze ginn, den individuellen Energieverbrauch méi bewosst ze steieren an unzepassen, erkläert d’Nina Weicherding vun der Klimaagence.

"Wann ee weess, dass een eventuell méi grouss Verbrauch huet, weess een och wou een do éischter da kann ufänke mat oppassen an doduerch kann een dann de Verbrauch verklengeren an deementspriechend och d'Rechnung u sech erofsetzen."

Obligatioune leie beim Proprietär

Konkret muss een als Locataire näischt ënnerhuelen. D’Obligatiounen, déi elo ustinn, leie beim Proprietär. Dee muss elo kontrolléieren, a wéi enge Wunnengen ee Compteur installéiert muss ginn.

Och ass et dem Proprietär seng Flicht, de Locataire driwwer z’informéieren, ob a wéini dat geschitt, an och, wéi d’Compteure genee funktionéieren. 

E Schrëtt a Richtung nohalteg Energiepolitik

All Neibau ass vun der Reglementatioun concernéiert. Ausname gëllen ënnert anerem fir Gebaier mat enger héijer Energieklass.

Der Beroderin bei der Klimaagence Nina Weicherding no ass dës Mesure ee Schrëtt a Richtung méi nohalteg Energiepolitik.

Den Delai fir d’Ëmsetze vun dëser Mesure ass den 1. Januar 2027. No enger Iwwergangszäit vun 12 Méint kënne Geldstrofe prononcéiert ginn.

Lauschterenplay_arrow