Radioen

On air

Notturno  |  Scott Walker - It's Raining Today

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Et gëtt manner Sperrmüll zu Lëtzebuerg ewechgehäit

Offall

Et gëtt manner Sperrmüll zu Lëtzebuerg ewechgehäit

D‘Quantiéit u Sperrmüll ass tëscht 2020 an 2023 ëm 3.700 Tonnen zréckgaangen. Dat weist eng nei Analys vun der Ëmweltverwaltung. D‘Analys weist awer och: E groussen Deel vun deem, wat am Sperrmüll lant, kéint nach gebraucht, oder recycléiert, ginn.

auto_stories

2 min

© picture alliance / imageBROKER | Olaf Krüger
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Olaf Krüger)

2020 sinn zu Lëtzebuerg ronn 14.800 Tonne Sperrmüll ugefall. Am Joer 2023 waren et nach eppes méi wéi 11.000 Tonnen – also 3.700 Tonnen, oder 7 Kilo op de Kapp, manner. Dës positiv Tendenz wier op Efforte bei der Offallwirtschaft a méi staark Sensibiliséierung zréckzeféieren. E groussen Deel vun de Saachen, déi gesammelt ginn, wieren awer eigentlech nach gutt, seet d‘Sophie Tinnes vun der Ëmweltverwaltung. Méi genee, hätten 1.292 Tonnen, oder 11 Prozent vum Sperrmüll, dee gesammelt gouf, net missen ewech gepucht ginn, an dovu virun allem Miwwelen a Spillsaachen, déi nach gutt sinn, oder déi nach kéinte gefléckt ginn.

Reparéieren, oder recycléieren amplaz ewechzegeheien

Obwuel vill Marke virgehäit kréien, hir Produiten esou ze konzipéieren, datt et schwéier, oder onméiglech ass, se ze reparéieren, betount d'Sophie Tinnes vun der Ëmweltverwaltung, datt et vill Méiglechkeete wéi Repair-Cafée géif ginn a verschidde Gemenge géifen och eng Primme fir d'Reparatur vun Elektrosaache ginn.

Nieft deem, wat nach gutt ass, lant am Sperrmüll och nach ganz vill, wat recycléiert kéint ginn. 

"Hei hu mer ongeféier 80 Prozent vum Gewiicht, wat mer sammelen, wat an eng aner Sammlung géif gehéieren, zum Beispill Holz, Plastik, dat ka ganz gutt recycléiert ginn."

Do ginn also potentiell wäertvoll Ressourcë verluer. Well de Gros vum Sperrmüll – tëscht 70 an 80 Prozent - gëtt verbrannt. Eng Mesure dogéint ass, d'Trennung an de Recycling-Zenteren nach méi einfach fir d'Leit ze maachen, esou d'Ëmweltverwaltung. Si rifft awer och d'Konsumenten op hire Konsum ze iwwerdenken, fir datt si hir Saachen a Second Hand Buttécker ofginn.

Säi Konsum iwwerdenken

An da soll een, wa méiglech, och manner kafen a wann, dann am beschte qualitativ héichwäerteg Produiten. Déi sinn zwar "méi deier", mee ginn, normalerweis, net esou séier futti a sinn dofir, laangfristeg, vläicht esou guer méi bëlleg.

"Dat ass vläicht Usiichtssaach, mee wann een elo ee Canapé huet, deen een zéng Joer huet, oder et huet een zwee Canapéen, déi een ëmmer nëmme fënnef Joer huet, da muss een natierlech kucken, wou de Präis méi rentabel ass."