Radioen

On air

Notturno  |  Coby Sey - Dial Square (Confront)

play_arrow Live
search

/ Gewerkschafte fuerdere gesetzleche Kader iwwer Mobbing

Aarbecht

Gewerkschafte fuerdere gesetzleche Kader iwwer Mobbing

Mobbing dierf hei am Land keen Tabuthema méi sinn. Dat fuerderen de Syndikat ëffentlechen Déngscht OGBL/Landesverband an den SEW. Dowéinst hu si um Mëttwochmoien eng Campagne géint Mobbing an der Fonction publique lancéiert.

auto_stories

1 min

18 Prozent vun de Leit am ëffentlechen Déngscht hätten uginn, schonn emol Affer vu Mobbing gewiescht ze sinn, seet d’Joëlle Damé vum SEW. Virun deem Hannergrond huet den Alain Rolling vum Syndikat ëffentlechen Déngscht OGBL/Landesverband e gesetzleche Kader iwwer Mobbing gefuerdert.

"Dat ka menger Meenung no nëmme geschéien, wann eng onofhängeg Instanz beim Staat geschafe gëtt, déi sech dem Thema Mobbing eben unhëlt an natierlech kann enquêtéieren, ganz wichteg, jugéieren an natierlech och kann eng Decisioun huelen."

De Service psycho-social géif als Ulafstell net duergoen, sou den Alain Rolling, fir deen e Gesetzprojet komme muss an de Betraffene muss gehollef ginn. An deem Kontext hätt een an noer Zukunft Entrevuë mat den eenzelne politesche Parteien.