Radioen

On air

Notturno  |  Dexter Gordon - Scrapple From The Apple

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Handwierk: Gewerkschaftsdelegéierter sinn an der Minoritéit

Fédération des artisans

Am Handwierk: Gewerkschaftsdelegéierter sinn an der Minoritéit

Am Handwierk géifen et vill Betriber ginn, wou d‘Personalvertriedung net mat enger Gewerkschaft associéiert ass. Dat sot de Romain Schmit, Generaldirekter vun der Fédération des artisans, am 100,7-Interview. D‘Gewerkschaften hätte senger Meenung no och net d‘Moyenen, an alle Betriber vertrueden ze sinn.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

De Problem wier, datt een am Handwierk 5.500 Betriber hätt, déi Leit beschäftegen. Et hätt een awer "beschtefalls a 500 Betriber" Delegéierter, déi eng Verbindung zu enger Gewerkschaft hätten, esou de Romain Schmit.

"A knapp zéng Prozent vun de Betriber sëtzt am Fong iwwerhaapt mol e Gewerkschaftsdelegéierten dran. A firwat dierfen da just do, an déi, d'Aarbechtskonditiounen esou organiséieren, datt et deem entgéint kënnt, wat de Betrib a wat de Salariéë brauch?"

Et feelt weider u Main-d'oeuvre

De Romain Schmit huet am 100,7-Interview och gesot, datt den Emploi am Secteur ëm iwwer 3.000 Unitéite geschrumpft wier zënter 2021. Eppes, wat am Fong déi Jore virdrun net kannt hätt, well den Emploi permanent an d'Luucht gaangen ass.

Dat selwecht huet fir d'Zuel vun de Betriber och gegëllt, woubäi de Changement hei een anere wier, erkläert de Romain Schmit.

"Et komme Betriber derbäi, mee dat sinn tendenziell klenger. Op där anerer Säit sinn déi grouss Betriber, déi am Fong all déi kleng Betriber, déi a Schwieregkeete sinn, systematesch opkafen. Net elo, well de Betrib esou interessant wier, mee fir d'Leit ze kréien."

Grond dofir wier nach ëmmer de Problem vum Manque de main-d'oeuvre, esou de Romain Schmit.