Radioen

On air

Notturno  |  Rymden - The Mountain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/  Luxembourg Confederation: Méi laang Ëffnungszäiten erhéicht d'Flexibilitéit vun de Betriber

Gesetzesprojet

 Luxembourg Confederation: Méi laang Ëffnungszäiten erhéicht d'Flexibilitéit vun de Betriber

D'Luxembourg Confederation, d’Organisatioun, déi d'Lëtzebuerger Patronatsverbänn regruppéiert, begréisst de Gesetzesprojet zur Reform vun den Ëffnungszäite vun de Butteker. Si fënnt awer, datt een nach méi wäit hätt kënne goen, esou de CEO Tom Baumert.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© Bigstock / malija play_arrow

Geschriwwe vum Jimmy Bruch

De Wirtschaftsministère huet um Donneschdeg annoncéiert, datt een de Butteker an Zukunft wéilt erméigleche souwuel an der Woch wéi och um Weekend méi laang kënnen opzehunn.

Bis ewell war et esou, datt een dofir am Viraus huet missen eng Autorisatioun ufroen. D'Luxembourg Confederation begréisst, datt dëst elo net méi de Fall wier. Si fënnt awer, datt een nach méi wäit hätt kënne goen, esou de CEO Tom Baumert. Dës Reform géif iwwerdeems d'Flexibiliséierung vun de Betriber erhéijen. 

"An hei kann de klenge Geschäftsmann wéi och de grousse Supermarché sech upassen un déi Zäiten, wou säi Client wëllt kommen, well et ass jo keng Obligatioun déi ganzen Zäiten opzemaachen."

Lauschterenplay_arrow

Aus der Siicht vun der Luxembourg Confederation géif een domat d'Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg sécheren.

Iwwerdeems sinn d'Gewerkschafte guer net frou iwwer dës geplangte Reform a schwätze vun enger Frontal-Attack.