Radioen

On air

Notturno  |  Dexter Gordon - Scrapple From The Apple

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suspendéiert Diddelenger Gemengebeamten dierfen zeréck op hir Aarbechtsplaz

Urteel vum Verwaltungsgeriicht

Suspendéiert Diddelenger Gemengebeamten dierfen zeréck op hir Aarbechtsplaz

Zu Diddeleng däerfen zwee Beamten, déi vun der Gemeng suspendéiert goufen, mat Effet immediat op hir Aarbechtsplazen zeréckkommen, dat no enger Decisioun vum Verwaltungsgeriicht, esou d‘Gewerkschaft fir d‘Gemengepersonal FGFC an engem Communiqué. Et géif een déi Decisioun respektéieren, esou den Diddelenger Buergermeeschter, den Dan Biancalana. D'Affair wier awer nach net vum Dësch.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Et géif een déi Decisioun vum Verwaltungsgeriicht respektéieren, esou den Diddelenger Buergermeeschter, den Dan Biancalana. Hien ënnersträicht awer, datt domat d’Affär nach net vum Dësch ass.

Am Raum stounge Virwërf vu Rassismus, Belästegung a privat Notze vu Gemengematerial. Dowéinst wieren d’Mataarbechter stonnelaang verhéiert ginn. Ouni datt si en Affekot konnten derbäi hunn, sou de Reproche vun der Gewerkschaft FGFC. Virun zwee Joer sinn déi zwee suspendéiert ginn.

Gemeng hät net dierfen op d‘procedure accélerée zeréckgräifen

D’Verwaltungsgeriicht hätt elo decidéiert, datt d’Gemeng bei der Suspendéierung vun den zwee Beamten net hätt dierfen op d’procedure accélérée zeréckgräifen. Dat Urteel géif ee respektéieren, sou den LSAP-Buergermeeschter Dan Biancalana. Uganks dës Joers sollen d‘Mataarbechter hiren Déngscht deemno nees unhuele kënnen.

Et wier schued, datt een hätt misse virun d’Geriicht zéien, sou de President vun der Gewerkschaft fir d’Gemengebeamten, de Claude Reuter.

Datt d‘Mataarbechter sech rëm aliewe kënnen ass d‘Prioritéit

Elo géif et awer drëm goe mat der Gemeng zesummen ze schaffen, fir déi zwou Persounen nees anstänneg op hirer Aarbechtsplaz ze empfänken. Herno géif ee sech dann ëm déi nächst Etappe këmmeren, esou de Claude Reuter.

Och dem Buergermeeschter wier et wichteg, datt déi zwee Mataarbechter sech elo gutt aliewe kënnen. Hien ënnersträicht awer, datt dee Prozess, nodeems déi zwou Persounen zanter zwee Joer net méi am IT-Service geschafft hunn, seng Zäit wäert brauchen:

"Mir wäerten als Schäfferot e Gespréich féiere mat deenen zwee Mataarbechter, zesumme mat der Personaldelegatioun, dono wäert och den neie Chef de Service vum Service Technik si an hir Aarbecht aweisen."

Diddeleng geet géint d‘Urteel an Appell

Elo bleift nach een anert Urteel vum Verwaltungsgeriicht ofzewaarden. Den Disziplinarrot war géint d’Decisioun vun der Gemeng virgaangen an hat d’Suspendéierung opgehuewen. D’Gemeng Diddeleng ass dogéint an Appell gaangen.

Wéi et weider geet fir déi zwee Beamten, wann d’Urteel vum Verwaltungsgeriicht bis do ass, dat géif een elo nach net wëssen, sou nach den Dan Biancalana.

Lauschterenplay_arrow