Radioen

On air

Notturno  |  Daniel Migliosi - Left On Scene

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL weider kategoresch géint weider Flexibiliséierung vun Ouvertureszäiten am Commerce

Net am Intressi vum Salarié

OGBL weider kategoresch géint weider Flexibiliséierung vun Ouvertureszäiten am Commerce

D’Patronat géif den Hals net voll kréien, sou d’Reaktioun vum OGBL op d’Fuerderung vum Michel Reckinger fir eng weider Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten am Commerce.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© OGBL play_arrow
Foto: OGBL

De President vun der UEL hat am 100,7-Interview gesot, et wier och am Interessi vun den Salariéë fir datt de ganzen Dag kéint geschafft ginn.

Doduerch géifen ënnert anerem néi Aarbechtsplaze geschafe ginn, esou de Michel Reckinger. Et misst een de Leit an de Betriber d‘Méiglechkeet ginn fir sou Saache bannent dem Betrib auszemaachen an eng Flexibilitéit „fir alleguerten erauszefannen“. Dat wier d‘Realitéit um Terrain sou de Michel Reckinger.

Iwwerdeems géifen doduerch Aarbechtsplaze geschaf ginn, sou nach de Michel Reckinger. Den aktuelle Gesetzesprojet vum Wirtschaftsminister Lex Deller gesäit vir, datt Betriber vu 5 Auer moies bis 10 Auer Owes – a weekends bis 7 Auer owes kënnen opbleiwen.

David Angel: Flexibiliséierung net am Intressi vum Personal

D’Gewerkschaften hunn d’Pläng vun der Regierung schonn d’lescht Woch kritiséiert gehat.

Fir den David Angel, Generalsekretär fir de Commerce beim OGBL, wier esou eng nach méi wäitgréifend Flexibiliséierung vun den Ouvertureszäiten eng Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten fir d’Personal – an dat wier ganz kloer net am Interessi vun de schaffende Leit.

"Dat wäert an der Realitéit just dozou féieren, datt d’Leit méi flexibel musse schaffen, datt si net wëssen wéi se déi nächst Woch schaffen an net wësse wéi se den Dag drop schaffen. Datt si ganz vill Schwieregkeete wäerten hunn hiert Beruffs- a Privatliewen ënnert een Deckel ze kréien."

An enger Etude vum LISER vun 2018 géif ee gesinn, datt eng Liberaliséierung vun den Aarbechtszäiten negativ Impakter op zum Beispill d’Gesondheet vun de Salariéen hätt. Iwwerdeems géif et net dozou féieren, datt méi Leit géifen agestallt ginn, mee éischter datt déi Leit déi schonn do schaffen, méi flexibel géifen agesat ginn – sou nach den David Angel vum OGBL.

Den LCGB war bis elo nach net fir eng Reaktioun ze areechen.

Lauschterenplay_arrow