Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
search

/ Israeelesch Regierung: Krich mat der Hisbollah réckelt méi no

Noen Osten

Israeelesch Regierung: Krich mat der Hisbollah réckelt méi no

Déi israeelesch Regierung huet elo de Retour vun Israeelien an déi evakuéiert nërdlech Gebidder un der Grenz mam Libanon offiziell zu engem Krichszil deklaréiert.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance

Un der Grenz goufe sämtlech israeelesch Uertschafte wéinst Attacke vun der Hisbollah evakuéiert. De Retour vun dëse Leit zeréck an hir Heemescht wier e Krichszil, an dofir wiere militäresch Aktioune vun Israel néideg, huet de Büro vum israeelesche Premier Benjamin Netanjahu matgedeelt.