Radioen

On air

9 bis 1  |  Nilüfer Yanya - Mutations (Edit)

play_arrow Live
search

/ 60 Rakéiten aus dem Süd-Libanon op Israel geschoss

Israel mellt

60 Rakéiten aus dem Süd-Libanon op Israel geschoss

Israel mellt de Mëtteg 60 ballistesch Rakéiten, déi aus Süd-Libanon op Israel geschoss goufen. Déi libaneesesch Hisbollah Miliz huet d‘Attacke revendiquéiert a behaapt, si hätt si dräi israeelesch Militär-Sitte getraff.

auto_stories

1 min

Den Donneschdeg den Owend hat Israel eng grouss Loft-Attack a Süd-Libanon géint d‘Hisbollah gemaach an Honnerte Rakéite-Werfer vun der Hisbollah zerstéiert.

Den UNO Weltsécherheetsrot huet béid Säiten opgefuerdert, eng diplomatesch Léisung vum Konflikt unzestriewen. Den Owend soll den UNO Sécherheetsrot fir eng Krisesëtzung zesumme kommen.

D‘Hisbollah huet Revanche-Attacken annoncéiert nodeems dës Woch am Libanon Dausende Kommunikatiouns-Apparater explodéiert waren. Bei deenen Attacke, fir déi d‘Hisbollah Israel responsabel mécht, sinn iwwer 30 Leit ëm d‘Liewe komm an Dausende Leit goufe blesséiert.