Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Dat neit Joer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lydie Polfer verdeedegt Klausel an der Konventioun mat HUT

Stad Lëtzebuerg

Lydie Polfer verdeedegt Klausel an der Konventioun mat HUT

Am Sträit ronderëm d’Klausel an der neier Konventioun mat der Associatioun „Hëllef um Terrain“ probéiert d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer, d’Situatioun am 100,7-Interview ze entschäerfen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: radio 100,7

Trotz schaarfer Kritik vum Presserot an der Journalistenassociation ALJP bleift d’Stad Lëtzebuerg no der Reunioun mam Schäfferot de Mëtteg, bei hirer Decisioun, d’Klausel net zeréckzezéien. Dës seet, datt all Pressekommunikatioun mat der Stad ofgeschwat muss ginn. Kritiker reprochéieren, datt dës Klausel eng Gefor fir d’Pressefräiheet ass, wärend d’Stad d’Noutwennegkeet betount.

D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer erkläert, datt d’Klausel net dorop ziilt d’Pressefräiheet anzeschränken, mee d’Zesummenaarbecht tëscht der Stad an der Associatioun kloer ze definéieren

"Ech mengen dat ass dat Normaalst vun der Welt. Wann zwee Partner zesummen e Projet droen, da schwätzen se och virdrun driwwer, ier se an d’Press ginn. Dat ass an all eise Relatioune sou."

Hefteg Kritik vum Presserot a vun déi gréng

Trotz dëser Argumentatioun bleift d’Gefor vu Selbstzensur e wichtege Punkt. Kritiker mengen, datt d’Klausel aner Associatiounen kéint monddoud maachen fir net mat der Stad a Konflikt ze geroden. Déi gréng an aner Oppositiounsparteien hunn dës Klausel als "geféierlech no un engem Maulkuerf" bezeechent, an de Presserot schwätzt vu Verstéiss géint d’Pressefräiheet.

D’Lydie Polfer relativéiert:

"Dat hei ass de Contraire vun engem Maulkuerf. Wann ee sech net eens gëtt, ass natierlech all Partner fräi, seng Positioun matzedeelen."

Keng fundamental Ännerungen um Text virgesinn, mee eventuell Entschäerfungen

D’Buergermeeschtesch huet zouginn, datt an Zukunft eventuell eng aner Formuléierung méiglech wier, fir d’Situatioun ze entschäerfen. Eng Ännerung steet aktuell net um Programm, d‘Buergermeeschtesch weist sech awer oppe fir d‘Formuléierung an Zukunft "méi douce" ze maache, oder den Deel "à la presse" ewech ze loossen.

D’Clause, déi zënter 10 Joer scho mëndlech existéiert, gouf elo schrëftlech festgehalen, nodeems d’Caritas sech zréckgezunn huet an HUT d’Responsabilitéit vun de Projeten iwwerholl huet. Et bleift ofzewaarden, ob dës Klausel och an anere Konventioune wäert applizéiert ginn, oder ob se als eenzegaartege Fall esou stoe bleift.

Lauschterenplay_arrow