arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam Argument "Krich am Iran": DP oppe fir eng Tripartite 

Carole Hartmann

|
reading time

4 min

headphones

14 min

play_arrow

Mam Argument "Krich am Iran": DP oppe fir eng Tripartite 

Kënnt et zu enger Tripartite oder net? Op déi Fro kéint een eventuell haut eng Äntwert kréien, wann de Premier Luc Frieden sech nom Regierungsrot un d'Press adresséiert. D'DP hätt näischt dogéint, seet d'Carole Hartmann am 100,7-Interview. 

reading time

4 min

headphones

14 min

play_arrow
D'Carole Hartmann vun der DP. | © Jo Diseviscourt
D'Carole Hartmann vun der DP. (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Carole Hartmann huet aktuell e relativ vollen Agenda. Haut um Mëttwoch, direkt um 8 Auer moies, fänkt d’Santéskommissioun un, an där et ëm d’Affär-Wilmes geet. Gëschter ass jo schonn un d’Press komm, datt den Dokter 21 weider Méint suspendéiert bleift.

Affär-Wilmes: Entscheedung vun der Ministesch gëtt net ugezweiwelt

E Grupp vun Experten huet den Dossier faktesch a medezinesch ënnersicht, soudatt si kee Grond géing gesinn, d’Decisioun vun der Ministesch unzezweiwelen, betount d’Carole Hartmann am 100,7-Interview.

D’DP-Politikerin geet dovun aus, datt si an der Kommissioun haut weider Detailer gewuer ginn.

Tripartite: D'DP wollt keen Drock op d'CSV ausüben

Da steet haut och e Regierungsrot um Programm. Un deem ass d’Carole Hartmann zwar net direkt bedeelegt, mee als DP-Presidentin ass et awer e wichtege Rendez-vous. Virun allem wann ee weess, datt de Premier Luc Frieden fir de Mëtteg eng Pressekonferenz ugekënnegt huet. Wäert de Premier eng Tripartite aberuffen?

D’Carole Hartmann seet, datt si vun enger Tripartite ausgeet. Vill Acteuren hu rezent eng Tripartite gefuerdert. Och an der DP hätt ee sech intern doriwwer beroden. Rezent huet d’Verteidegungsministesch Yuriko Backes an engem RTL-Interview sech nach pro-Tripartite gewisen.

Dëst wier awer net, fir Drock op de Koalitiounspartner CSV – a virun allem op de Premier – auszeüben, mee well een no internen Analysen zur Conclusioun komm wier, datt ee sech als DP enger Tripartite net verschléisse wéilt. Datt ee se “fuerdert”, wier deemno net ganz richteg, mengt d’Carole Hartmann.

De Krich am Iran als Haaptgrond?

Interessant ass awer d’Logik hanner där Analys: Am 100,7-Interview nennt d’DP-Presidentin nämlech de Krich am Iran an deem seng Konsequenzen als eng Haaptmotivatioun. Net also déi festgefuere Situatioun am Sozialdialog, déi sech no den Diskussiounen ëm eng eventuell Mindestlounerhéijung nach emol confirméiert huet.

“Elo huet d’Situatioun mam Krich am Iran, bei eis am Land wéi iwwerall, dozou geféiert, datt d’Präisser op der Pompel e gutt Stéck eropgaange sinn. D’Präisser an der Industrie klammen, d’Marchéë sinn onsécher. An dat ka sech op d’Alldagskäschte vum Bierger implizéieren.”

An esou Situatioune wier d’Tripartite e Modell, deen et schonn an der Vergaangenheet fäerdegbruecht huet, Solutiounen ze fannen, seet d’Carole Hartmann, “wou de Bierger consideréiert gëtt, an de Wirtschaftsstanduert gestäerkt gëtt.”

Eng Tripartite mat wéineg finanziellem Spillraum

Egal wat bei enger méiglecher Tripartite decidéiert gëtt, se huet ëmmer e Käschtepunkt. Mee d’Fro stellt sech, ob aktuell genuch do ass, fir ze verdeelen? Dat wier effektiv eppes, wat misst ugeschwat ginn, seet d’Carole Hartmann. Eng Tripartite misst ëmmer e Käschtepunkt hunn.

“Och an der Vergaangenheet huet eng Tripartite scho kascht. Och déi hei wäert nees kaschten.”

Dobäi war de finanzielle Spillraum scho mol méi grouss, wéi en aktuell ass. Och wirtschaftlech ass et dem Land scho besser gaangen.

DP steet hanner dem Gilles Roth senger Steierreform

Ee Grond fir dee méi klenge finanzielle Spillraum ass dem Gilles Roth seng generéis Steierreform, déi dem Staat méi wéi 900 Milliounen Euro d’Joer wäert kaschten.

D’Carole Hartmann betount awer, datt dat net dem Minister Roth seng Reform ass, mee eng, hanner där déi ganz Regierung stoe géing. An deem Kontext erënnert si och drun, datt d’DP parallel dozou eng Reform vum Kannergeld an eng Reform vun der finanzieller Ënnerstëtzung bei der Kannerbetreiung fuerdert.

Wann et also zu enger Tripartite kënnt, da wäert de finanzielle Spillraum wuel ganz begrenzt sinn. Ob dat d’Sozialpartner dann zefriddestellt, wäert sech weisen.

Shopping-Outlet Iechternach hëlt Formen un

Wann d’Kafkraaft vun de Leit dann nees gestäerkt ass, da kann deen een oder anere seng Suen deemnächst vläicht zu Iechternach ausginn. Am Carole Hartmann hirer Gemeng soll nämlech eng Zort Shopping-Outlet fir Outdoor- a Sportmarken entstoen. Dofir lount d’Gemeng eidel Geschäftsflächen.

Konkreet hätt ee well e puer Kontrakter mat Proprietären ofgeschloss, seet d’Carole Hartmann am 100,7-Interview. Mat 25 potentielle Marke wier ee schonn am Kontakt, mat 11 dovunner hätt ee well Verhandlungen ugefaangen.

Éischt Geschäfter kéinten Enn dës Joers opmaachen, mengt d’Carole Hartmann. Dat wier zwar ambitiéis, mee et géing een dru schaffen.

play_arrow Lauschteren