Radioen

On air

Notturno  |  Bedouine - Come Down In Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Drogenaffären a méi Kierperverletzungen

Police-Bilan 2024

Méi Drogenaffären a méi Kierperverletzungen

2024 goufen et hei am Land manner Abréch wéi 2023. Dat geet aus dem Aktivitéitsrapport ervir, deen d’Direktioun vun der Police an den Inneminister Léon Gloden (CSV) der Press virgestallt hunn. Do huet de Policeminister och annoncéiert, datt d'Policebeamte vum 1. Juli u mat Bodycams ekipéiert wäerte ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Léon Gloden, Pascal Peters, Thierry Fehr (v.l.n.r.) | © Pebia Urban play_arrow
Léon Gloden, Pascal Peters, Thierry Fehr (v.l.n.r.) (Foto: Pebia Urban)

Ee liichte Réckgang an der Kriminalitéit: Virun allem wat Abréch, bewaffnet Iwwerfäll vun Etablissementer an Déifställ ouni a mat Gewalt ugeet. D’Baissë vun dësen Zuele wier der Police zouzeschreiwen. Esou interpretéiert de Léon Gloden déi Entwécklung.

“Dat weist, datt och déi Mesuren um Terrain - Presenz, Proximitéit, Preventioun - spillen. An dat ass och déi do Kategorie vun Infraktiounen, déi besonnesch natierlech op d'Sécherheet a besonnesch op d'Sécherheetsgefill vun de Leit awierkt.”

Fäll vu Kierperverletzung wieren awer an d’Luucht gaangen an et goufen och méi Autoe geklaut. Fir datt manner Leit an d’Autoen abriechen, wéilt een op Preventioun setzen. Et wéilt een duerch Sensibiliséierung beispillsweis drop opmierksam maachen, datt ee keng Wäertsaachen am Auto soll leie loossen.

Mesurëkatalog géint d'Drogeproblematik am Garer Quartier

D’lescht Joer goufen och méi Drogenaffäre gezielt. Dat wier eng logesch Konsequenz vun der Drogebekämpfung, sot den CSV-Minister nach.

"Am Drogeberäich ass d'Police och weider ganz aktiv. Do ass d'Unzuel vun den Affären, déi wéi den Trafick vun den Droge concernéieren, ëm 37 Prozent eropgaang. Dat kläert sech natierlech, datt mir och do ganz aktiv um Terrain sinn.”

Wat d’Drogeproblematik am Garer Quartier spezifesch ubelaangt, wéilt den Inneministère an den nächste Méint e Mesurëkatalog virstelle fir de Probleem ze bekämpfen.

Fokus op Cyber- a Finanzkriminalitéit

Nieft der Aféierung vu Bodycams vum 1. Juli u goufe weider Efforte virgestallt, fir d’Aarbecht vun der Police ze verbesseren.

“Nieft dem generelle Rekrutement ginn natierlech och ganz speziell Leit rekrutéiert, sief et an der Cyberkriminalitéit oder an der Finanzkriminalitéit. Dat ass am Fong déi modern Kriminalitéit, déi net ëmmer esou no bausse visibel ass."

Weider huet de Generaldirekter vun der Police, de Pascal Peters, drop higewisen, datt zwar de Recrutement vun iwwer 200 neie Policebeamte virgesinn ass, mee datt ee bei der Qualitéit vum Personal net wéilt spueren. D’Selektiounstester solle weiderhi bestoe bleiwen.

Vum 1. Mee u sollen eng 180 Polizisten a Polizistinne vereedegt ginn.

 

Lauschterenplay_arrow