arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi séier Zesummenaarbecht tëschent Gemengen a Staat duerch nei Online-Plattform

National

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Méi séier Zesummenaarbecht tëschent Gemengen a Staat duerch nei Online-Plattform

Fir ee méi efficacen a séieren Austausch tëschent dem Gemengesecteur an dem Staat, gouf e Projet fir eng nei digital Plattform presentéiert. D'Plattform COSMOS (Communes, Syndicats, Ministères, Offices Sociaux) soll d’Zäit fir den Traitement vun all Dossier ëm 2 bis 4 Woche reduzéieren.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Dem CVS-Inneminister Léon Gloden no géif et sech dobäi ëm ee "Meilesteen an der Digitalisatioun am Gemengeberäich" handelen. Hien huet de Projet zesumme mat der DP-Ministerin fir Digitaliséierung Stéphanie Obertin virgestallt.

E strukturéierten Echange garantéieren

A Verglach zur aktueller Plattform e-MINT géif ee mat COSMOS ee méi breede Spektrum schafen, erkläert de Chef vum Departement “Processus et digitalisation” am Inneministère Philippe Schram. 

"Mat COSMOS schafe mir elo e vill méi breede Spektrum, deen et erlaabt, tëschent dem Gemengesecteur an dem Gesamt-Zentralstaat, also alle Ministèren, e strukturéierten Echange ze garantéieren, wéi dat elo beispillsweis mat de Subsiden de Fall ass."

Once Only-Prinzip soll applizéiert ginn

Aktuell géifen 10 verschidde Ministèrë Subsiden un d'Gemenge verdeelen. Déi nei Plattform soll den Echange mat all de Partner-Ministèren erlaben, esou de Philippe Schram

Bei dësem Plattform-Projet geet et deemno ëm déi administrativ Vereinfachung a méi prezis ëm d’Schafe vun den néidege Konditioune fir de “Once Only”-Prinzip beim Austausch am Gemengesecteur. Also de Prinzip, datt Dokumenter an Daten nëmmen nach eng Kéier mussen agereecht ginn.

Déi nei Plattform COSMOS, déi d’lescht Woch ausgeschriwwe gouf, soll d’nächst Joer lancéiert ginn. Vun 2028 u sollen och d’Prozedure fir d’Bebauungspläng PAG a PAP doran integréiert ginn.

play_arrow Lauschteren