Déi aktuell Direktiv fir d'Reegele fir de Fürerschäin ass bal zwanzeg Joer al. Et war also Zäit fir se ze iwwerschaffen. Eng Ännerung ass d'Aféierung vum digitale Permis.
Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz ass Member vun der Transportkommissioun am Europaparlament. Am 100,7-Interview erkläert si, datt den digitale Fürerschäin net obligatoresch ass.
"Natierlech gouf do och u méi eeler Leit geduecht oder u Leit, déi digital Méiglechkeet bei Hand hunn. Also déi aner Variant, d'Pabeiervariant, bleift weiderhi méiglech."
Nulltoleranz gouf am leschte Moment falegelooss
Ee Punkt, op deem ee sech net eens gouf betrëfft d'Stagiairen, déi de Fürerschäin eréischt kierzlech gemaach hunn. Fir si sollt an Zukunft eng Nulltoleranz gëlle fir Alkoholkonsum. Also et dierf ee guer keen Alkohol gedronk hunn, wann een dann un d'Steier geet. D'Limitt zu Lëtzebuerg louch bis elo am Stage bei 0,2 Promill an d'Transportministesch Yuriko Backes huet sech och dogéint ausgeschwat fir dat ze änneren. D'Tilly Metz betount am 100,7-Interview, datt ee sech op deem Punkt "leider net eens ginn ass".
"Mir Gréng, mir hunn effektiv gehofft, déi Nulltoleranz par rapport zu Alkohol an Droge kéim duerch. Mee dat ass awer am leschte Moment falegelooss ginn. Et wier effektiv ganz wichteg gewiescht, dat soen och all d'Experten, an et wier och einfach gewiescht, dat bei deene Leit, déi elo och eng Proufzäit hunn. Dat ass elo dann europawäit festgeluecht, datt et eng Proufzäit gëtt."
Och Gesondheetschecke ginn net obligatoresch
Net eens gouf ee sech och iwwer d'Virschreiwe vun Dokteschcertificaten. Déi sinn zu Lëtzebuerg vun engem gewëssenen Alter un an verschidden Etappen obligatoresch. Länner wéi Däitschland hu sech awer elo vehement dogéint ausgeschwat dat a ganz Europa anzeféieren. Elo dierft jiddwer Land dat esou handhaben, wéi et wëllt.
D'Tilly Metz erkläert, datt dës Fitnesschecken trotzdeem als Grondreegel gëllen, an datt dat virdrun och net esou de Fall war. D'Gültegkeet vum Führerschäi wier iwwerdeems an der Reegel 15 Joer, an anere Länner 10 Joer.
"Bei iwwer 65 Joer wäert et elo sinn, datt déi Zäit vun der Gültegkeet ka gekierzt ginn, mee nach ëmmer och hei, datt op d'Gesondheetschecken - déi, wou mir immens insistéiert hunn, notamment op d'Vue - opgepasst gëtt. Mee och hei, dat krute mir net duerchgesat, well eeben a verschidde Länner d'Reegel ass, datt een dat selwer kann aschätzen. Dat fanne mir net gutt."
Deemno bleift et dobäi, datt dës Gesondheetschecke staark recommandéiert solle ginn, mee net obligatoresch sinn, bedauert d'Tilly Metz.
Éier et esou wäit ass, muss déi nei Direktiv awer nach offiziell vun de Memberlänner an dem Parlament adoptéiert ginn, wat awer normalerweis just eng Formsaach ass.