search

/ OKAJU: Inklusioun an de Schoule geet net wäit genuch

National

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

OKAJU: Inklusioun an de Schoule geet net wäit genuch

Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher OKAJU begréisst zwar den neien Aktiounsplang fir déi schoulesch Inklusioun vum Educatiounsminister Claude Meisch, warnt awer, datt Lëtzebuerg nach laang net bei engem wierklech inklusive Schoulsystem ukomm wier. D’Mesure géifen deels net wäit genuch goen.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
© Bigstock / Wavebreak Media
(Foto: Bigstock / Wavebreak Media)

Den OKAJU huet um Mëttwochmoie seng Recommandatioune fir d’Prise en charge vu Kanner mat spezifesche Besoinen dozou presentéiert. Ënner anerem wiere méi Ressource fir d’Acteuren um Terrain néideg.

Realistesch bleiwen a keng Réckschrëtter maachen

Nach ëmmer géif et beim Ëmgang mat Kanner mat spezifesche Besoine vill Erausfuerderunge ginn, dorënner laang Waardezäite fir een Diagnostik, ee Manktem u Koordinatioun an eng schlecht Transitioun vum Fondamental an de Secondaire an dono an d’Aarbechtsliewen. Allgemeng géif et un enger kohärenter nationaler Visioun feelen, esou d’Kritik vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit.

“Mir sollen eis net d'Illusioun ginn, mir hätte schonn deen inklusive Schoulsystem erreecht. (...) Et geet elo drëm to keep on track an am Fong keng Réckschrëtter ze maachen, awer gläichzäiteg de Realitéite vum Terrain Rechnung ze droen.”

Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher fuerdert weider méi transparent Donnéeën zum Thema Inklusioun, déi den Ament feele géifen. E Manktem géif et och bei der interministerieller Zesummenaarbecht ginn.

Tëschent Educatioun, Famill, Santé a Justiz géifen d’Dossieren dacks a Siloë geréiert ginn. Hei fuerdert den OKAJU ee Guichet unique fir d’Begleedung vun de Kanner an hiren Elteren.

Eng Nout an eng Beanträchtegung sinn net dat selwecht

Virun allem awer warnt den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher virun .engem Vermësche vum Plan d’action vu Kanner mat enger Beanträchtegung a Kanner, déi an enger Situation de détresse sinn, esou d’Helen Portal, Juristin beim OKAJU

“Et le fait de mettre violence, handicap, détresse, gestion de crises dans le même cadre, ça a pour conséquence de stigmatiser les enfants en situation de handicap, parce que ce n'est pas la vision de l'inclusion qu'on aimerait avoir. Mais aussi, ça n'apporte pas forcément des solutions adaptées aux enfants qui sont en situation de détresse.”

Dowéinst wier et néideg, béid Beräicher net mateneen ze verwiesselen. Och wa béid Beräicher matenee verbonne wieren an och eng Kris heiansdo mat enger Behënnerung zesumme géif hänken, bräicht béides awer ënnerschiddlech Betreiungen a Formatiounen, esou nach D’Helen Portal.

Den OKAJU plangt elo véier Tables-rondë mat den Acteure vum Terrain, fir iwwer d’Inklusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen ze consultéieren.

play_arrow Lauschteren