search

/ Ofsetzungsprozedur: US-Verdeedegungsminister Hegseth wiert sech

USA

|
reading time

2 min

Ofsetzungsprozedur: US-Verdeedegungsminister Hegseth wiert sech

Schonn am September hat den Deputéierte vun de Republikaner Thomas Massie eng Prozedur an d'Weeër geleet fir säi Parteikolleeg a Pentagon-Chef aus sengem Amt ze enthiewen. Nom schlechte republikanesche Walresultat bei de Midterms kritt d'Saach elo neie Wand. 

reading time

2 min

De Pete Hegseth | © EPA/JIM LO SCALZO
De Pete Hegseth (Foto: EPA/JIM LO SCALZO)

Ee vun de Virwërf ass, datt de Pete Hegseth US-Truppen an de Krich géint den Iran geschéckt hätt, ouni vum Kongress dofir d'Erlabnis kritt ze hunn. Allgemeng gëtt dem Verdeedegungsminister seng Roll beim Krich géint d'Islamesch Republik kritiséiert.

De Krich war och ee vun de Grënn firwat d'Republikaner bei de Midterms esou vill verluer hunn.

De Pete Hegseth wëllt sech sengersäits net dofir entschëllegen "militäresch Kapassitéite vun engem Land ze zerstéieren, dat 'Doud den USA', géif skandéieren. 

Hegseth: "Et ass eng Farce"

Den US-Verdeedegungsminister Pete Hegseth wiert sech elo däitlech géint d'Virwërf - an och géint d'Impeachmentprozedur.

"Dat Ganzt ass eng Farce an eng Inzenéierung - a jidderee weess dat"

Ofstëmmung kéint elo ganz séier kommen

Nach dës Woch kéint d'US-Representantenhaus iwwer eng Ofsetzung diskutéieren a finalement och ofstëmmen. Falls een do dofir géif stëmmen, géif d'Saach weider un de Senat goen. Do missten dann zwee Drëttel vun de Senateuren dofir stëmmen, fir de Pete Hegseth als Pentagon-Chef ofzesetzen. 

Obwuel d'Demokrate bei de Midtermwalen haushéich gewonnen hunn, léisen déi nei Deputéiert déi al eréischt am Januar of. Fir den Ament hunn d'Republikaner also nach d'Majoritéit am Kongress.

An och wann d'Prozedur vun engem Republikaner ageleet gouf, dierft et schwiereg ginn de Republikaner Hegseth aus der Trump-Administratioun dëst Joer nach ofzesetzen.