arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwammsaison fänkt offiziell un

éischte mee

|
reading time

1 min

Schwammsaison fänkt offiziell un

Wéi d‘Waasserverwaltung matdeelt si verschidde Gewässer bis den 30. September op fir dora schwammen ze goen: An zwar zu Wäiswampech, d‘Baggerweieren zu Rëmerschen, de Stauséi an den Iechternacher Séi.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

No den Analysen aus de leschte Joren ass d’Waasserqualitéit op de meeschte Plazen als exzellent agestuuft ginn. Nëmmen zu Iechternach gëtt se als gutt bewäert, esou nach d‘Waasserverwaltung.

Wärend der ganzer Saison gëtt d‘Waasserqualitéit dann och iwwerwaacht.

Sollten awer Problemer optrieden, wéi zum Beispill Bloalgen, kann d‘Schwamme goen temporär verbuede ginn.

D’Biergerinnen a Bierger kënnen iwwer d’App „Bloomin’Algae“ och selwer Observatiounen zu Bloalge mellen.