arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Uergen Accident bei der Biergcourse vun Eschduerf

National

|
reading time

1 min

Uergen Accident bei der Biergcourse vun Eschduerf

D‘Biergcourse vun Eschduerf ass de Moien ofgesot ginn, dat mellt RTL. Dat no engem schwéieren Accident mat op d‘mannst 2 Blesséierten.

reading time

1 min

E SAMU-Auto | © CGDIS
E SAMU-Auto (Foto: CGDIS)

En Auto aus der Course koum vun der Strooss of – dobäi hätt hien eng Streckepostin ugestouss. Si koum schwéier blesséiert an d‘Spidol. Och ee Pilot gouf blesséiert an d‘Spidol bruecht, heescht et. Wéinst dësem trageschen Tëschefall hunn d‘Organisateure vun der Course dës doropshin ofgesot.