Am méi informelle Kader vum traditionelle Regierungsbriefing fir d’Press um Mäertchen ass de Luc Frieden och nach emol op seng Wierder gëschter an der Chamber agaangen, wou hien erkläert hat, datt déi richteg Kris riskéiere géif, eréischt ze kommen.
“Déi richteg Kris ka kommen, an dat war mäi Punkt, wann d'Strooss vun Hormus eng länger Zäit zou bleift, wa géif weider geschoss ginn an der Regioun vum Mëttleren Osten, wann also d'Ueleg produzéierend Länner net méi esou vill kënne produzéieren an net kënnen exportéieren, da wäerten d'Präisser richteg eropgoen.”
Da géife verschidde Produite knapp ginn. Dat wier och d’Analyse vun deenen anere Staats- a Regierungscheffen, esou nach de Premier.
Bléck op éischte Mee
De Gewerkschafte wäert de Premierminister schonn dëse Freideg begéinen. Selbstverständlech wier hien den 1. Mee bei de Gewerkschafte present, esou de Luc Frieden. An zwar mat engem Message vum Nolauschteren a vum Gespréich. De 6. Mee sinn da bilateral Gespréicher tëschent Regierung a Sozialpartner an den 12. Mee ass déi éischt Verhandlungsronn an der Tripartite.