Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stad Lëtzebuerg stëmmt Budget an Héicht vun 1,55 Milliarden Euro

Budget 2025

Stad Lëtzebuerg stëmmt Budget an Héicht vun 1,55 Milliarden Euro

De Budget 2025 vun der Stad Lëtzebuerg an Héicht vun 1,55 Milliarden Euro gouf um Méindegowend an der Gemengerotssëtzung ugeholl. D'DP an d'CSV hunn am Stater Gemengerot eng Majoritéit vu 16 zu 27 Sëtz. Mat 299 Milliounen Euro ass de Logement den zweet gréissten Ausgabeposten.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg play_arrow

Eng zentral Fro aus den Oppositiounsreie war, wat mat de sougenannte VEFA-Projete geschéie soll. Also Immobilien, déi nach am Bau sinn, an déi d'Stad Lëtzebuerg opkeeft. De Logement wier déi grouss Erausfuerderung fir eis all, esou d'Corinne Cahen, DP-Schäffin fir de Service Logement. Eng 80 Wunnenge géifen d'nächst Joer bäikommen, fir ze verlounen, oder als abordabele Wunnraum. 

"D'Liewensqualitéit ass nun emol déi, wann een op där nämmlechter Plaz wunnt, wéi och schafft. An ech mengen, do si mer an der Responsabilitéit och fir kënne Logementer nach weider ze bauen, ze kreéieren an och abordabele Wunnraum ze schafen."

Lauschterenplay_arrow

Den Defizit fir d'Joer 2025 gëtt op 153 Milliounen Euro geschat a soll aus de reportéierte Resultater aus dem Joer 2024 finanzéiert ginn. D'Stad Lëtzebuerg huet, Stand Abrëll 2024, Reserven an Héicht vu ronn 790 Milliounen Euro.