Radioen

On air

Notturno  |  Buck Meek - Joe By The Book

play_arrow Live
search

/ Tensiounen tëschent Israel an Hisbollah: Warnunge viru groussem Krich gi méi haart

Noen Osten

Tensiounen tëschent Israel an Hisbollah: Warnunge viru groussem Krich gi méi haart

Déidlechsten israeeleschen Ugrëff géint d‘Hisbollah-Miliz am Libanon zanter ronn engem Joer: Eleng haut wieren iwwer 270 Leit am Süde vum Land gestuerwen an iwwer 1000 blesséiert ginn, dorënner och Fraen, Kanner a Rettungsleit, esou een offizielle Bilan. De libanesesche Gesondheetsministère huet d‘Klinicken am Süden an am Oste vum Land dozou opgeruff, all Operatiounen, déi net urgent sinn, ze suspendéieren, fir Plaz ze maache fir Blesséierter. Och goufe Schoule bis muer zougemaach. Aenzeie schwätze vu „Panik a Chaos“ an de Stroossen. An d’Autoritéite präparéieren sech elo op weider Attacken.

auto_stories

2 min

Libanon | © picture alliance/dpa | STR
Foto: picture alliance/dpa | STR

Déi israeelesch Arméi huet nämlech eng grouss ugeluechten Attack op d’Beeka-Regioun am Nordoste vum Land ugekënnegt. D’Hisbollah-Miliz hätt do nämlech hir strategesch Waffen an ziville Gebaier gelagert a géif d’Bevëlkerung als mënschlecht Schutzschëld ausnotzen. Elo wéilt een d’Rakéiten an d’Dronen zerstéieren, ier si zur Gefor fir déi israeelesch Bewunner géife ginn, sou nach d’Argumentatioun vun der israeelescher Arméi.

Ee Vernichtungskrich? 

Dofir warnt déi israeelesch Arméi och d‘Bewunner vun der Bekaa-Regioun. Wie sech an der Géigend vun engem Haus géif ophalen, an deem d‘Hisbollah-Miliz Waffe verstoppt hätt, soll sech op d‘mannst ee Kilometer dovun ewechhalen, sou d’Warnung vum israeelesche Militär. Israel géif Zitat „d‘Kräfteverhältnis“ am Norden ëmdréinen, esou den israeelesche Premier Benjamin Netanyahu. Et géif een d‘Bedrohung net ofwaarde mee antizipéieren.

Déi vum Iran ënnerstëtzen Hisbollah-Miliz am Libanon an Israel attackéieren sech zanter bal engem Joer géigesäiteg. Déi libanesesch Regierung gehäit Israel fir, ee Vernichtungskrich ze féieren. Eegenen Aussoen no handelt d’Hisbollah aus Solidaritéit mat der islamistescher Hamas, déi an der Gazasträif géint Israel kämpft. Israel wëll erreechen, datt d’Hisbollah-Miliz sech erëm bis hannert de Litani-Floss 30 Kilometer vun der Grenz fort zeréckzitt.

UNO-Vollversammlung: Lëtzebuerg duerch Ierfgroussherzog, Premier a Vizepremier vertrueden

Vun iwwerall komme Warnunge virun engem grousse Krich am Noen Osten. Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet gëschter gesot, datt hie sech grouss Suerge géif maachen, datt de Konflikt tëscht Israel an der Hisbollah am Libanon eng änlech Katastroph, wéi déi an der Gazasträif, kéint ausléisen.

Haut ass zu New York d‘UNO-Vollversammlung, dat gréisst diplomatescht Treffe vun der Welt. Iwwer 140 Staats- a Regierungscheffen huelen un der Generaldebatt deel. Vu Lëtzebuerg ass den Ierfgroussherzog Guillaume, de Premier Luc Frieden an de Vizepremier- an Ausseminister Xavier Bettel bei der UNO-Vollversammlung dobäi.

De Xavier Bettel hält d‘Ried bei der Vollversammlung, de Premier Luc Frieden huet e puer Reuniounen an hält och eng Ried um sougenannte „Sommet de l‘avenir“ zu New York. Et steet och en Treffe mat der Lëtzebuerger Communautéit zu New York um Programm.

Lauschterenplay_arrow