arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ The Real Comedian Harmonists: Inspiréiert un der Vergaangenheet

Kultur

|
headphones

2 min

headphones

5 min

play_arrow

The Real Comedian Harmonists: Inspiréiert un der Vergaangenheet

Viru ronn 100 Joer gouf et ee ganz berüümte Gesangsensembel, dee “Comedian harmonists” geheescht huet. Ee Grupp vu 6 Sänger a Museker huet déi Iddi nees opgegraff, fir een neien Ensembel ze grënnen, nämlech “The Real Comedian Harmonists”. Ee vun de Sänger ass de Lëtzebuerger Loïc Schlentz.

headphones

2 min

headphones

5 min

play_arrow

Et war dem Loïc Schlentz säin Dram mat sengem Ensembel kënnen zu Lëtzebuerg opzetrieden. Gëschter Owend stoung deen Ensembel zu Munneref op der Bün vum Casino 2000. Hien ass zweeten Tenor.

E Schauspillhaus zu Lëtzebuerg?

D’Sangen an d’Musek, mee och d’Danzen ass fir de Loïc Schlentz vu klengem un eng Evidenz gewiescht. Hie geet op Berlin, fir d’éischt an d’Musiktheaterschoul, an dono op d’Berliner Universitéit der Künste an de Beräich Musical. D’Oper oder dat rengt Sange goung him net duer.

"Mir hu kee fest Opernhaus. Mir hu kee Musektheaterhaus, an deem ëmmer erëm e lafende Programm ass. Ma ee groussen Dram wier natierlech, wann ech iergend eng Kéier kéint mat verantwortlech sinn dofir, dass genau esou een Haus entsteet. Ob ech dann elo aktiv do als Sänger, als Performer, als Regisseur, als hannert de Kulisse maachen, dat soll komplett opgestallt ginn. Mee ech hu schonn eng Iddi an een Zil, dass mir dat iergendwann eng Kéier hei zu Lëtzebuerg hunn."

An de Wee goung a Richtung Musical. De Loïc Schlentz hat dunn d’Chance, vun The Real Comedian Harmonists opgeholl ze ginn.

D'Geschicht als roude Fuedem

Dee Gesangsensembel huet déi original Lidder vu virun 100 Joer iwwerholl. Ee vun deenen Arrangementer war “Mein kleiner grüner Cactus".

Wichteg ass et dem Florian Fries, deen um Piano ass, nieft den original Arrangementer awer och d’Geschicht vun deene Männer ze erzielen. D’Hallschent ware Judden oder mat Judde bestuet, an dat hat Repercussiounen op d’Karriär vun de Sänger. Am Spektakel ass dat de roude Fuedem, erkläert de Florian Flies.

De Loïc Schlentz war iwwerdeems frou, nees zu Lëtzebuerg kënnen opzetrieden. Hien huet ee ganz spezielle Wonsch, nämlech datt zu Lëtzebuerg ee Schauspillhaus kann entstoen. D’Lëtzebuerger gi jo dacks an d’Ausland Spektakel kucken, firwat hinnen net dat zu Lëtzebuerg ubidden, esou dem Lëtzebuerger säin Argument.

play_arrow Lauschteren