Radioen

On air

Notturno  |  Daniel Rossen - Shadow In The Frame

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Tyranneregierung a Groussbritannien": Elon Musk mëscht sech an déi brittesch Politik an

Kritik um Keir Starmer

"Tyranneregierung a Groussbritannien": Elon Musk mëscht sech an déi brittesch Politik an

Den Elon Musk kritiséiert déi brittesch Regierung an där hire Premier Keir Starmer. Et ass net fir déi éischte Kéier, datt de Space-X-Grënner sech an déi europäesch Politik amësche wëllt. Dës Kéier huet hien et op ee brittesche Mëssbrauchsskandal ofgesinn an op d'Roll, déi de Keir Starmer do gespillt huet.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Allison Robbert - Pool via CNP

Claire Barthelemy (London)

Den Tech-Milliardär Elon Musk, dee jo neierdéngs och ganz no drun ass un der US-Politik an um zukünftege President Donald Trump, schéngt Gefalen dru fonnt ze hunn, féierend Politiker aus de groussen EU-Länner ze kritiséieren. Esou zum Beispill seng Kritik um däitsche Kanzler Olaf Scholz, um Bundespresident Frank-Walter Steinmeier, an och u senger Walempfeelung fir déi däitsch AfD, déi ville sauer opgestouss ass.

E bësse manner bekannt bei eis ass seng Kritik zanter Woche schonn un der brittescher Regierung. Dëse Weekend huet déi Kritik elo een neien Héichpunkt erreecht, wéi den Elon Musk dem Premier Keir Starmer virgeworf huet, net genuch géint Kannermëssbrauch gemaach ze hunn, wéi hien Direkter vum brittesche Parquet war.

Mëssbrauchsskandal vu Rotherham

Konservativ a rietspopulistesch Politiker hu sech dem Mask ugeschloss a fuerderen elo eng nei national Enquête. De Keir Starmer, dee sech bis elo net zum Elon Musk geäussert hat, huet sech a seng Regierung elo awer gëschter um Méindeg verteidegt. 

Et geet ënner anerem ëm de Fall vu Rotherham, enger Stad am Norde vun England, wou ronn 1.400 Meedercher vun engem Netzwierk vu Männer vun 2010 u vergewaltegt goufen. Déi meescht vun den Accuséierte ware Britte mat pakistanescher Ofstamung. Et goufen nach weider esou Fäll an anere Stied.

Eng national Enquête gouf 2022 ofgeschloss. De Keir Starmer, deen tëschent 2008 an 2013 Direkter vum Crown Prosecution Service war, hat och déi éischt Fäll viru Geriicht bruecht. Den Elon Musk huet him elo awer virgeworf, deemools Saache verheemlecht ze hunn.

Keir Starmer hëlt Ministesch a Schutz

A senger Reaktioun sot de brittesche Premier gëschter um Méindeg, datt all Fall, wou hie Procureur war, viru Geriicht koum an och vun engem Juge gepréift gouf. Ouni den Elon Musk elo beim Numm ze nennen, sot hien, datt déi, déi Ligen a Falschinformatioune verbreeden, net un den Affer interesséiert wieren, mee just u sech selwer.

De Keir Starmer huet och d'Jess Phillips, d'Ministesch fir de Kanner- a Fraeschutz, déi vum Elon Musk attackéiert gouf, verdeedegt. Dat, well si eng ëffentlech Enquête géint d'Mëssbrauchsfäll an enger anerer Stad am Oktober ofgeleent hat. Si hat do eng lokal Investigatioun gefuerdert amplaz enger nationaler.

Ee Chaosverursaacher

Wat genee den Elon Musk bewierke wëllt, ass net gewosst. Hien huet awer seng ronn 211 Millioune Follower op X gefrot, ob d'USA Groussbritannie vun hirer "Tyranneregierung" befreie soll.

Et geet wuel drëm Chaos auszeléisen an der sozialdemokratescher Regierung d'Liewe schwéier ze maachen, esou wéi hien dat och schonn an Däitschland gemaach huet. Hien huet sech viru Chrëschtdag och mam Nigel Farage fotograféiere gelooss an ënnerstëtzt deem seng rietspopulistesch Partei-Reform UK.

Et bleift ofzewaarden, wéi d'Relatioun tëschent dem Starmer an dem Trump ausgesi wäert. Bis elo huet ee jiddefalls méi vum Elon Musk héiere wéi vum nächste President.

Lauschterenplay_arrow