D'Fra gouf vun engem Courseauto matgerappt, dee vun der Strooss ofkoum an duerch d‘Leitplanke gerannt war. Zwou weider Persoune goufe blesséiert, dorënner de Pilot vum Auto an ee weidere Streckeposten.
Op Demande vum Parquet vun Dikrech gouf d‘Police technique op d‘Plaz geschéckt an deen accidentéierten Auto gouf beschlagnaamt. En Autopsie vum Affer gëtt gemaach fir déi genee Doudesursaach ze klären, an d‘Enquête iwwer d‘Ursaach vum Accident leeft, esou den Dikrecher Parquet an engem Communiqué.
D‘Course war nom Accident ofgesot ginn.