arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrainescht Atomkraaftwierk Saporischschja kritt den Ament kee Stroum méi vu baussen

Energie

|
reading time

1 min

Ukrainescht Atomkraaftwierk Saporischschja kritt den Ament kee Stroum méi vu baussen

Dat ukrainescht Atomkraaftwierk Saporischschja, dat vu Russland besat gëtt, kritt op en Neits kee Stroum méi vu baussen. Dat deelt déi international Atomenergieagence mat. Warscheinlech wier eng elektresch Leitung um nërdlechen Ufer vum Dnipro beschiedegt ginn.

reading time

1 min

© picture alliance / SZ Photo | Friedrich Bungert
(Foto: picture alliance / SZ Photo | Friedrich Bungert)

Déi hätt bis ewell - wéinst de Bombardementer an der Regioun - nach net kënne gefléckt ginn.

De Chef vun der IAEA, Rafael Grossi, warnt virun enger ganz prekärer Situatioun fir déi nuklear Sécherheet an huet béid Säiten, d‘Ukrain a Russland, opgefuerdert d‘Stroumleitungen net ze attackéieren.

Gréisstent Atomkraaftwierk an Europa

D‘Atomkraaftwierk Saporischschja ass mat sechs Reakteren dat gréisst Atomkraaftwierk an Europa. Kuerz nom Ufank vum Ukrainkrich huet Russland et besat. Zënterhier ass et schonn e puer Mol beschoss ginn. D‘Reaktere sinn ausgeschalt, mussen awer weiderhi gekillt ginn.