203 Gefierer goufe kontrolléiert an aacht hunn effektiv Dreck iwwert d‘Grenz wollten transportéieren. Véier Protokoller goufe geschriwwen, zwee Gefierer goufen immobiliséiert an dräi goufen zeréckgeschéckt, well se net déi néideg Pabeieren hate fir Decheten iwwer d‘Grenz kënnen ze transportéieren.
Wéi de Parquet matdeelt, géifen déi Resultater weisen, datt esou cibléiert Kontrolle wichteg sinn an der Lutte géint illegalen Trafick vun Offall.