Radioen

On air

Notturno  |  Francis Of Delirium - All Love

play_arrow Live
search

/ Wal-Observatiounsparty: Gemëschte Reaktiounen op d'Victoire vum Trump

Vun der amerikanescher Ambassade

Wal-Observatiounsparty: Gemëschte Reaktiounen op d'Victoire vum Trump

Ronn honnert Leit waren um Mëttwochmoien op der "Election Results Watch Party" vun der US-Ambassade. Dorënner waren net nëmmen US-Amerikaner:innen, mee och Representante vun aneren Ambassaden hei am Land, Entreprisen a Ministèren an och vun der Press goufen invitéiert, fir d’Resultater live ze suivéieren. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Sophie Schroeder

Nieft der ganzer Dekoratioun, den amerikanesche Fändelen an de Croissanten de Moie fréi konnt een op all den Tëleeën an engem Café an der Stad déi kloer Tendenz vun de Resultater suivéieren.

Zouversiichtlech Ambassadeuren

Wéi et bis ëmmer méi kloer ginn ass, datt den Donald Trump de 47. President vun den USA gëtt, huet sech den Den US-amerikaneschen Ambassadeur Thomas Barret ganz zouversiichtlech gewisen, datt d’Relatiounen tëschent Lëtzebuerg an den USA gutt bleiwen. 

Den Ambassadeur setzt hei op déi staark Relatiounen, ënnert anerem op ekonomeschem Niveau, déi et souwisou schonn tëscht béide Länner géif ginn. Änlech gesäit dat déi hollännesch Ambassadrice Carin Lobbezoo:

"An all Relatioun geet ee mol duerch gutt an duerch schlecht Phasen, dat gehéiert dozou. Mir als Hollänner wësse wéi dat ass, et wäert schonn ok sinn", sou déi hollännesch Ambassadrice.

Gemëscht Gefiller bei Lëtzebuerger Politiker:innen

Anescht gesäit dat d’Jessie Thill vun déi gréng. Si hätt keng Wieder an dat Resultat géif hir Angscht ëm d'Zukunft maachen. Virun allem wat d'Ëmwelt a Fraerechter ugeet.

Dem LSAP-Deputéierten Dan Biancalana no muss sech Lëtzebuerg an Europa elo op déi populistesch Approche vum Donald Trump astellen.

Den ADR-Deputéierte Fred Keup gesäit den Donald Trump awer als net esou geféierlech. Et géif ee Bild gemoolt ginn, datt d'Welt géif ënnergoen, wann den Trump President gëtt. Dat Bild géif net der Realitéit entspriechen

"Also d’USA sinn eng grouss Demokratie, wierklech gefestegt. An den Trump ass och net dat wat d’Leit heiansdo virgegaukelt kréien.”

D’DP-Politikerin Colette Flesch géif dem Donald Trump awer nach net iwwer de Wee trauen. Och Representante vum amerikanesche Fraeclub zu Lëtzebuerg hunn dëst Resultat net erwaart

Elo misst een d’Zukunftsperspektiven nei arrangéieren, sou nach d’Gretchen Blanchard vum “American Women’s Club of Luxembourg”

Lauschterenplay_arrow