Zënter 1992 zeechent d'Fondatioun Servais all Joer ee literarescht Wierk, dat zu Lëtzebuerg publizéiert ass, aus. Dëst Joer huet d'Nora Wagener mat "Larven", engem Band mat kuerze Geschichten an däitscher Sprooch, d'Jury am meeschten iwwerzeegt.
De Prix d'encouragement vun der Fondatioun Servais goung un d'Anita Gretsch, fir hiren nach net publizéierte Roman "L'oeil grand fermé".
Iwwer d'Zeremonie vun der Präisiwwerreechung e Bäitrag vum Nathalie Bender.