D'Reesliteratur ass en immens vaste Feld. Gëtt et e systemateschen Diskussiounszesummenhang? Eng Fro, déi de Peter Brenner schonn 1990 gestallt huet.
Wat gehéiert zur Reesliteratur? Och e Reesguide? Och e Reesreportage? Wat wollten déi sëllechen Auteure mat hire Beobachtungen bezwecken? Huet Reesliteratur haut nach en Zweck, an enger Zäit, wou ee bannent Sekonne via Internet detailléiert Fotoe vun de meeschte Plaze vun der Welt ka kucken? A wéi wäit hu Fraen anescht iwwer Reese geschriwwe wéi Männer? Wéini gouf ugefaangen, iwwer Reesen ze schreiwen? Ass Reesliteratur zu Lëtzebuerg e gängege Genre a virun allem: Gëtt se wierklech eescht geholl? D'Valerija Berdi an Nathalie Bender ginneng iddi vun dër Diskussiounsronn Muer den Owend (6.7.) zu Miersch am Literaturarchiv zu Miersch.