Europa Aktuell
Juncker-Ried suergt fir Diskussiounen
Méi Länner an den Euro an een europäesche Wirtschafts- a Finanzminister, deen d'Eurozone organiséiere soll - dat sinn zwou vun den Zukunftsvisiounen vum Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Hie wënscht sech eng Europäesch Unioun, déi zesumme bleift - an hien refuséiert d'Iddi vun enger EU, an där sech een EU-Kär ronderëm den Euro méi enk zesumme schléisst, par rapport zu engem Rescht, dee sech méi lues beweegt. Wéi realistesch sinn des Visiounen? Reaktiounen an eisem Dossier.