Europa Aktuell
"Emverdeelung vu Refugiéen an der EU war kee Succès"
De System, fir Refugiéen an der EU ëmzeverdeelen ass de 26. September offiziell ausgelaf. Déi sougenannte Relokaliséierung war ee Succès, sou d'Konklusioun vun der Europäescher Kommissioun. Eng erstaunlech Analys, wann een d'Chiffere kuckt: Nëmmen een Drëttel vun de geplangte ronn 100.000 Refugiée goufen effektiv aus Griicheland oder Italien op aner EU-Länner ëmverdeelt. D'Kommissioun verdréit d'Zuelen, kritiséieren verschidden Hëllefsorganisatiounen. Bei hinne fält de Bilan manner positiv aus. Hannergrënn am Dossier vum Danièle Weber.