Europa Aktuell
Detachéiert Salariéë mat anere gläichstellen
Wéi eng sozial Gesetzer gëlle fir ee Bauaarbechter, dee vun engem polneschen Entrepreneur op ee Chantier op Lëtzebuerg geschéckt gëtt? An der Europäescher Unioun ginn et ëmmer méi Salariéen, déi vun hire Patronen an een anert EU-Land geschéckt ginn.
Zënter iwwert engem Joer gëtt iwwer nei Regelen diskutéiert. Gëscht ass sech no méintelaangen Diskussiounen d'Europaparlament iwwert seng Positioun eens ginn. Dat heescht awer net, datt elo een Accord um Dësch läit. Wëll ënnert den EU-Memberlänner ginn d'Meenunge nach ëmmer zimlech auserneen. En Dossier vum Danièle Weber an Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus.