Europa Aktuell
Wéi eng Konsequenzen hunn d'Paradise Papers an der EU?
D'Paradise Papers schéngen op en Neits opzedecken, wéi multinational Entreprisen a privat Leit et fäerdeg bréngen, duerch komplizéiert Investissements-Prozeduren, Steieren ze ëmgoen. D'EU muss méi géint esou Praktiken ënnerhuelen - dat fuerderen ONGen - an och d'Europäesch Kommissioun. Haut diskutéieren d'EU-Finanzministeren iwwert eng schwaarz Lëscht vu Steier-Oasen
Allerdéngs weist dës Diskussioun, wéi retizent d'EU-Memberlänner nach ëmmer sinn, fir sech iwwert konkret Mesuren eens ze ginn. Hannergrënn vum Danièle Weber.